
E Sonndeg de Moie fréi géint 5:20 Auer ass zu Obeler an der Rue du Village agebrach ginn. Den Täter, warscheinlech 1,80 Meter grouss, schlank, mat däischterem Kaputzeplower a Rucksak ekipéiert, ass duerch eng Terrassendier agebrach, déi net zougespaart war. Nodeems d'Hënn am Haus an d'Besëtzerin den ongebiedene Gaascht bemierkt haten, huet d'Fra haart Kreesch gedoen, sou datt den Abriecher, ouni eppes ze klauen, geflücht ass.
E Samschdeg ass zu Schuller an der Rue du Stade an en Eefamilljenhaus agebrach ginn. Warscheinlech ass den Täter duerch eng ausgehiewelt Fënster erakomm, huet alles duerchwullt an ass duerch an onbekannt Richtung geflücht.
Zu engem weideren Abroch an en Eefamilljenhaus ass et e Samschdeg zu Monnerech an der Rue de la Colline komm. Duerch eng opgebrache Fënster op der hënneschter Säit vum Haus sinn och hei d'Täter an d'Haus komm.
A sämtleche Fäll sinn d'Ermëttlungen opgeholl ginn.
Ausserdeem ass e Samschdeg de Moie géint 11 Auer engem Mann op der Place de Strasbourg an der Stad vun zwee onbekannten Täter seng Halskette geklaut ginn. Si waren dem Affer bis bei seng Wunneng nogaangen an hunn et do mat sougenannten "Undanz-Trick" ofgelenkt, fir him seng Ketten ze klauen. Réischt wéi déi Onéierlech fort waren, ass dem Mann de Vol opgefall.