Sponsored ContentClervaux Music Festival – Musek virun historescher Kuliss

RTL Lëtzebuerg

Stellt Iech e Summerowend vir, e beliichte Schlass, Ligestill verdeelt iwwert d'Schlassplaz, e Glieschen an der Hand ... a ronderëm Live Musek. Wëllkomm zu Cliärref, am Norde vu Lëtzebuerg, mat onvergiesslechen Owender am romantesche Kader vum historesche Schlass.

Zënter 2022 organiséiert d'Gemeng Cliärref, an Zesummenaarbecht mam Cube521 vu Maarnech an der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, de Clervaux Castle Summer Music Festival. Dës eenzegaarteg kulturell Manifestatioun belieft de Stadzentrum mat Open Air Concerten, ëmmer Freides a Samschdes owes, an enger relaxer a festlecher Atmosphär.

Ee Concert pro Owend, fir Lëtzebuerger Talenter ze entdecken, an d'Liewe ganz no der Cittaslow Philosophie ze genéissen.

Um Programm:

25.07 – Benoît Martiny Band (Jazz Rock)
26.07 – Nomad The Group (Weltmusek)
01.08 – D'Halunken (Folk)
02.08 – Belardi-Klein Duo (Electro)
08.08 – Nea Lone (Pop)
09.08 – Loivos (Emo Alternativ)

Ab 20.00 Auer begréisse lokal Veräiner Iech um Gedrénksstand.
De Concert fänkt um 21.00 Auer un. Gratis Entrée a garantéiert Stëmmung. 
De Foodtruck Chez Cheyanna ass vun 11 Auer u bis owes spéit op der Plaz, an d'Restauranten an der Foussgängerzon vu Cliärref proposéieren Iech hir Summermenüen.

https://www.clervaux.lu/de/besuchen/kultur-und-kunst/sommer-musik-festival

Back to Top
CIM LOGO