
Beim traditionelle White House Correspondents’ Dinner zu Washington si Schëss gefall. Den US‑President Donald Trump, seng Fra Melania Trump souwéi aner Membere vun der Regierung goufen a Sécherheet bruecht. De Virfall war kuerz nom Ufank vun der Gala virun enger Sécherheetskontroll am Hotel geschitt.
En Agent vum Secret Service gouf ugeschoss, mee seng kugelsécher West huet hie viru méi schwéiere Verletzunge protegéiert. De President sot méi spéit, hie wier a Kontakt mat dem Beamten.
Videoe weise panesch Zeenen, bei deene Gäscht sech no de Schëss ënner Dëscher verstoppt hunn.
Den Ugräifer, een 30 Joer ale Mann aus Kalifornien, gouf iwwerwältegt a festgeholl. No Aussoe vun der Police hat hien eng Schroutflënt, eng Pistoul a verschidde Messere bei sech. Et wier a gewësser Weis wonnerschéin ze gesinn, wéi e schwéier arméierte Mann konnt vum Sécherheetsapparat iwwerwältegt ginn, sou den Donald Trump. Wéi den Ugräifer iwwerhaapt konnt duerch déi streng Sécherheetskontrolle kommen, ass net gewosst. Et gëtt spekuléiert, dass hie Gaascht am Hotel war, wou dëst Evenement ofgehale gëtt. Den Donald Trump sot allerdéngs, den Hilton-Hotel zu Washington wier kee besonnescht séchert Gebai. 1981 war den deemolege US-President Ronald Reagan och an dem Hotel ugeschoss ginn.
Ronn 2.600 Gäscht haten um traditionelle “White House Correspondent’s Dinner” deelgeholl, mat enger éischte Kéier och dem Donald Trump.
D'Organisateuren hunn ugekënnegt, datt den Evenement zu engem spéideren Zäitpunkt nogeholl soll ginn.
Den Donald Trump huet op senger Plattform Truth Social de Leit vum Secret Service Merci gesot, fir hir exzellent Aarbecht. Et géif jidderengem gutt goen.
Wärend d'Enquêten op Héichtoure lafen, huet de Justizminister Todd Blanche matgedeelt, datt de Mann Membere vun der US-Regierung am Viséier gehat hätt. Dëst wieren awer "ganz fréi Erkenntnisser". De presuméierten Täter géing awer net wierklech aktiv mat den Ermëttler kooperéieren.
Wat awer gewosst wier, ass, datt de Mann als Schoulmeeschter an Entwéckler vu Videospiller geschafft huet an eleng gehandelt huet, sou heescht et bis ewell. Dëst ass déi presuméiert drëtt Attack op den Donald Trump bannent 2 Joer.