Sponsored ContentD'Käre vu Le Moulin 1704 op Ärem Kaffisdësch

Moulins de Kleinbettingen

Wéi wier et , wann de Kaffi nees seng fest Plaz an Ärer Moiesroutine anhuele géif? Mat hirem Sortiment vu Käre setzt d’Mark Le Moulin 1704 op den Equiliber an d’Qualitéit vun den Zutate fir Äre Kaffi. Eng Méiglechkeet, all Moies u sech selwer ze denken, ganz ouni Kompromësser.

Le Moulin 1704 gëtt Deel vun Ärem Alldag

Entdeckt Le Moulin 1704 dësen Abrëll an de gréissten Akafszentere vu Lëtzebuerg. E puer Woche laang wäert Weekends eng Bar à Céréales an den Akafspassagen opgeriicht ginn, déi et Iech erlaabt, d’Sortiment kennenzeléieren: Huewerflacken, Müüslien, Granolas oder och Crunchy Flakes… lauter Rezepter, déi entwéckelt goufen, fir Äre Kaffi mat lokalen, authenteschen an héichwäertegen Zutaten ausgeglach ze gestalten.

Save the date! Besicht eis den 11. Abrëll am Auchan / Cloche d’Or Shopping Centre, de 17. Abrëll am Knauf / Pommerlach, den 18. Abrëll am E.Leclerc / Féitz an de 25. Abrëll am Cactus / Belle Étoile Shopping Centre. En Erliefnes an e puer Iwwerraschungen, déi Dir net verpasse sollt!

Kären

Spillen a gewannen!

Zu dësem Ulass lancéiert d’Mark Le Moulin 1704 hiert Gewënnspill „Good Morning Luxembourg“. Als Haaptpräis wénkt en aussergewéinleche Weekend an enger Häip fir véier Persoune matten an der Natur a vill weider Präisser, wéi zum Beispill Är Kaffisbox vu Le Moulin 1704 direkt bei Iech heem geliwwert! Eng Méiglechkeet, d’Erliefnes iwwert eis Aktioun an den Akafspassagen eraus ze verlängeren.

Méi gewuer ginn

All Moies fir sech selwer suergen

Mat dësem Käre-Sortiment erfënnt Le Moulin 1704 d’Gewunnecht vum Kaffi nei a leet dobäi och grousse Wäert op handwierkleche Knowhow. Dës vun Hand mat Suergfalt preparéiert Rezepter aus zu Lëtzebuerg ugebautem Huewer si vun Natur aus ballaststoffräich a weisen en Nutri-Score vun A oder B op, fir Genoss an Equiliber direkt nom Opstoen ze verbannen.

Le Moulin 1704

„De Goût vun de schéine Geschichten“ geet virun

Et ass méi wéi just e Slogan, et ass eng Invitatioun, fir all Moment vum Alldag mat equilibréierte Produiten ze genéissen. Mat hirer staarker Verwuerzlung zu Lëtzebuerg verbënnt d’Mark Le Moulin 1704 op en Neits Authentizitéit, Qualitéit a Knowhow.

Back to Top
CIM LOGO