
Eng professionell Arméi offréiert hautdesdaags eng grouss Villfältegkeet u Beruffer, déi wäit iwwert dat militärescht erausginn an och Aspekter wéi humanitär Hëllef an zivil Aktivitéitsberäicher mat ofdecken.
D‘Lëtzebuerger Arméi engagéiert dowéinst Fraen a Männer an deene verschiddenste Karriäre fir hir Missiounen zu Lëtzebuerg an och am Ausland auszeféieren: Zaldot, Kaperol, Ënneroffizéier, Offizéier an och am ziville Beräich.
An enker Zesummenaarbecht mat internationalen Organisatiounen ass d‘Lëtzebuerger Arméi bei Friddensmissiounen am Ausland engagéiert. Si ass och do fir déi national Sécherheet ze garantéieren oder fir am Kader vun Naturkatastrophen agesat ze ginn. D'Arméi ass e solidaresche Corps an deem jiddereen seng Plaz fënnt, fir déi verschidde Missioune mat Engagement ze erfëllen.
Mat iwwer 115 verschiddene Beruffer a Spezialisatioune sicht d'Arméi permanent nei Mataarbechterinnen a Mataarbechter. Ob am Beräich vun der Opklärung, Maintenance, Dronen, Satellitten, Cyber, Logistik, Gesondheet, Handwierk oder Musek - d'Méiglechkeeten an der Arméi si villfälteg.

Egal op wéi engem Terrain, d'Kohäsioun, d'Expertis an de Professionalismus vun de Membere vun der Lëtzebuerger Arméi ginn hei am Land, wéi och op internationalem Niveau, vu ville Partner geschätzt.
Gestäerkt duerch hiren Ekippegeescht, ass d‘Lëtzebuerger Arméi eng dynamesch an innovativ Institutioun. D'Arméi passt sech den aktuelle politeschen, sozialen, militäreschen an technologesche Konditiounen un, fir zesummen d'Erausfuerderunge vu muer kënnen ze meeschteren.
Dir sicht en Job, deen aussergewéinlech Erausfuerderungen an Entwécklungsméiglechkeete bitt a wëllt an engem spannende Milieu schaffen? D'Arméi gëtt Iech d'Méiglechkeet, Iech perséinlech weider ze entwéckelen an aktiv fir d'Gesellschaft z'engagéieren.
Member vun der Lëtzebuerger Arméi ze sinn ass méi wéi just eng Funktioun, et ass en Engagement! Mellt Iech elo a gitt en Deel vun der Lëtzebuerger Arméi. All Missioun zielt. All Entscheedung huet en Impakt.
#droiture #engagement #fiabilité
|