Parquet deelt matTäter an Affer vun déidlecher Messerpickerei um Lampertsbierg hu sech net kannt

RTL Lëtzebuerg
Weider heescht et vum Parquet, datt een nach op Informatiounen aus dem Ausland a verschidden Expertisen ofwaart.
De 27. Januar koum et um Lampertsbierg zu enger déidlecher Messerattack.
© Domingos Oliveira

De presuméierten Täter an déi zwee Affer vun der déidlecher Messerpickerei um Lampertsbierg hu sech net kannt, dat huet de Parquet e Méindeg matgedeelt. De Mann gouf och weider befrot.

Et géif een nach op Informatioune vun auslänneschen Autoritéite waarden. An et géife verschidde psychologesch Expertisen ausgeschafft ginn.

Enn Januar soll de 27 Joer ale Mann aus der Belsch eng Fra vun enger Immobilienagence bei enger Visitt um Lampertsbierg erstach an eng Awunnerin, déi den Täter iwwerrascht hat, schwéier blesséiert hunn.

Liest hei d'Schreiwes vum Parquet

Eisen Interview mat där bei der Attack blesséiert Affer, kënnt Dir hei noliesen

Back to Top
CIM LOGO