
Dréit een d’Zäit 500 Joer zréck, stellt ee fest, datt d’Kommunikatioun definitiv net esou einfach war wéi haut. D’Post gouf vu Reider verdeelt a war wochelaang ënnerwee bis se beim Destinatär ukomm ass. Zu Aasselbuer am Norde vum Land war am 16. a 17. Joerhonnert déi eenzeg Postreiderstatioun vu ganz Lëtzebuerg.
A genee op där Plaz, um Posteck zu Aasselbuer, ass de Start vun den historesch-humoristesche Wanderungen, déi op enger Streck vu 5 km zum Deel iwwer d’Original Postweeër féieren an de Participanten d’Méiglechkeet ginn a Form vun Theateroptrëtter verschidde Personnagen aus där Zäit kennenzeléieren.
D’Touren sinn op follgenden Deeg:
Ticketen an Informatiounen: naturpark-our.lu
Opgepasst: D’Post History T‘OUREN sinn nëmmen op lëtzebuergesch!
Wollt Dir schonn ëmmer wëssen, wéi d'Fluchtoperatioune vu lëtzebuergesche Resistenzler an Zwangsrekrutéierten sech wärend de leschte Jore vum Krich ofgespillt hunn?
Da verpasst op kee Fall déi geféiert Wanderungen um Sentier des Passeurs (Fluchthelferweg) zu Ëlwen.
Hei verschmëlzt op 8 km historescht Wësse mat engem wonnerbaren Openthalt an der Natur.

4 guidéiert Wanderunge fannen am Summer um Sentier des Passeurs statt:
Sonndes, den 2., 9., 16., & 23. August
Ticketen an Informatiounen: naturpark-our.lu