
Stellt Iech e Summerowend vir, e beliichtent Schlass, Liigestill verdeelt iwwert d’Schlassplaz, e Glieschen an der Hand ... a ronderëm Live Musek. Wëllkomm zu Cliärref, am Norde vu Lëtzebuerg, mat onvergiesslechen Owender am romantesche Kader vum historesche Schlass.

Zënter 2022 organiséiert d'Gemeng Cliärref, an Zesummenaarbecht mam Cube521 vu Maarnech a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, de Clervaux Castle Summer Music Festival. Dës eenzegaarteg kulturell Manifestatioun belieft de Stadzentrum mat Open Air Concerte wärend 3 Summerweekender. D'Freideg- a Samschdegowenter verwandelt sech de Schlasshaff an eng relax a festlech Atmosphär.

Ee Concert pro Owend, fir Lëtzebuerger Talenter ze entdecken, an d’Liewe ganz no der Cittaslow Philosophie ze genéissen.
Um Programm:
24.07 – Dock in Absolute (Jazz Fusion)
25.07 – Esancy (Electro Pop)
31.07 – Irina (Folk)
01.08 – Daniel Migliosi Quartet (Jazz)
07.08 – Maya (Neo-Soul Funk)
08.08 – Laurent Unchained (Indie-Pop)

Vun 20.00 Auer un, begréisse lokal Veräiner Iech um Gedrénksstand.
De Concert fänkt um 21.00 Auer un. Gratis Entrée a garantéiert Stëmmung.
D’FoodTrucks “Chez Cheyanna” an “Indian Heritage” sinn op der Plaz an d'Restauranten an der Foussgängerzon vu Cliärref proposéieren Iech hir Summermenüen.
Weider Informatiounen:
https://www.clervaux.lu/de/besuchen/kultur-und-kunst/sommer-musik-festival