Sponsored Content Veiner Pabeier- a Béicherdeeg

Naturpark Our
© Naturpark Our

E Weekend fir Bicher- a Pabeierfrënn

De Weekend vum 12. an 13. September 2026 dréint sech um Veiner Schlass alles ronderëm d’Welt vum Pabeier – vun der Hierstellung iwwer kreativ Verwendunge bis hin zu Pabeierkonscht, déi faszinéiert. D’Visiteure kënnen am historesche Gemaier vum Schlass ënnert anerem verschidden Drocktechniken entdecken. Doriwwer eraus ass och ee Maart, mat wäertvollen an antike Bicher an enger Hellewull anerer Verkafsstänn. D’Schlass ass an deem Kader och besonnesch gerëscht – mat Deko aus Pabeier vun der Kënschtlerin Eliane Lothritz. Fir Animatioun fir Grouss a Kleng ass och gesuergt.

© Naturpark Our

Highlights um Samschdeg, 12. September 2026

11:00 Auer: Optrëtt vum Pabeier-Clown Lorenzo Torres

13:30 Auer: Liesung vum Sofian Boussaid: „Terre entre les mers“ (FR)

Eng fotografesch Rees tëscht zwee Mierer, gedroe vum Kierper an der Beweegung. D’Buch, dat selwer publizéiert a mat der Hand gebonne gouf, gëtt an enger lieweger Presentatioun virgestallt, begleet vun Danz a Musek.

14:45 Auer: Optrëtt vum Pabeier-Clown Lorenzo Torres

15:30 Auer: Liesung vum Fabienne Faust aus „Die Häuser von drüben“ & „Hier – ein Fehlen“

Zwee Wierker, zwou Perspektiven – eng spannend Liesung déi vu Verloscht, Einsamkeet an den Erausfuerderunge vum moderne Liewen erzielen.

© Naturpark Our

Highlights um Sonndeg, 13. September 2026

10:30 Auer: Veiner Dictée – Umeldung: info@castle-vianden.lu

Wéi wier et mat engem ganz besonneschen Challenge? Maacht mat bei engem kuerzen Diktat (10 Minutten) am Veiner Dialekt a gewannt mat e bësse Chance nach e flotte Präis.

11:45 Auer: Präisiwwerreechung vun der Veiner Dictée

13:00 Auer: Optrëtt vum Pabeier-Clown Lorenzo Torres

14:00 Auer: Liesung vum Yves De Smet : « Mélusine »

Melusina Alisontiae la Mélusine de l'Alzette

Voici, enfin, la véritable histoire de la Mélusine de l'Alzette,

l'ange tutélaire de la ville et du pays de Luxembourg.

16:00 Auer: Optrëtt vum Pabeier-Clown Lorenzo Torres

© Naturpark Our

En Evenement fir déi ganz Famill

D’Veiner Schlass ass den 12. an 13. September vun 10 bis 18 Auer op.

Veianen ass gutt mam ëffentlechen Transport z’erreechen. Esou kritt ee beispillsweis e Bus vun der Ettelbrécker Gare aus op Veianen. All d’Informatiounen zum ëffentlechen Transport ginn et op mobiliteit.lu.

Wee léiwer mam Auto kënnt, dee fënnt Parkméiglechkeeten a Veianen. Eng gratis Navette bréngt d’Visiteuren aus Veianen bis erop bei d’Schlass. D’Navette hält ënnert anerem beim Servior Schlassbréck, op der Gare, bei der Larei an och an der Grand-Rue.

Den detailléierte Plang an d’Auerzäite vum Départ vun der Navette kann een hei nokucken.

Back to Top
CIM LOGO