
Realiséiert Är Dreem mat den Investitioune vum Foyer: kombinéiert Liewensversécherung a Finanzrendementen andeems Är Suen zu al Moment disponibel sinn.
Wann d'Inflatioun klëmmt ka Spuere riskéiert schéngen. Dofir proposéiert Foyer iech Investitiounsméiglechkeete via Kontrakter mat enger flexibeler a villfälteger Liewensversécherung wou een zu all Moment an-an ausbezuele kann. Investéiert no Ärem Rhythmus andeems Är Suen zu all Moment disponibel sinn.
Dës Pläng sinn ideal fir d'Organisatioun vun Ärem Verméigen a fir Är Erspuernesser wuessen ze loossen no Äre Bedierfnesser an Ärem Profil: konservativ, gewot oder ëmweltbewosst. Mat de Formule smartlife an invest4change fënnt jidderee säin adaptéierte Plang.
Äert Verméigen iwwerdroen
Am Fall vum Doud virum Enn vum Kontrakt gëtt déi ganz Zomm un de Beneficiaire ausbezuelt ouni Agrëff vum Notär, am Géigendeel zu de Bankkonten. Dir wielt Är Beneficiairen a kënnt dëse Choix zu all Moment änneren ouni Käschten.
Steierfräi
Op um Enn vum Kontrakt oder am Fall vun engem partiellen oder totalem Retrait virum Terme, gëtt dat ganzt Kapital ni besteiert.
Optimal Protektioun
Zu Lëtzebuerg sinn Är Erspuernesser geschützt am Fall vun enger Defaillance vun der Versécherungsgesellschaft. Är Sue ginn op engem Kont bei enger agreéierter Bank vum Kommissariat vun den Assurance versuergt, esou kritt dir Är ganz Erspuernesser zeréck.
Zousätzlech zu de Virdeeler vun der Liewensversécherung, bitt Smartlife Iech Virdeeler, déi normalerweis fir déi klassesch Investitiounen an Erspuernesser reservéiert sinn.
Rendementsperspektiven
Smartlife an Invest4change erlaben Iech dass Är Erspuernesser sech no Ärem Horizont an Ärem Profil weiderentwéckelen. Äre Foyersconseiller hëlleft Iech fir déi bescht adaptéiert Léisung ze fannen a fir Är Placementer tëschent verschiddene Supporten opzedeelen, entweder mat fixem oder variabelem Zënssaz. Dir kënnt zu all Moment d'Formullen änneren.
Braucht dir Cash?
Dir kënnt zu all Moment Är Suen ouni Käschten ophiewen, deelweis oder ganz.
Schéngt dat Iech riskant?
Keng Opreegung: d'Gestioun vun Ärem Kapital gëtt der Ekipp vu Gestionnaire vu CapitalatWork Foyer Group uvertraut, déi huet méi ewéi 30 Joer Erfarung.
Si gläiche Risiko a Rendement aus fir e Maximum vun der Performance vum Maart ze profitéieren.
Dës Produite sinn accessibel ab 200€ pro Mount, dëst erlaabt Iech an ärem Rhythmus ze investéieren ouni un Ären alldeegleche Budget ze goen.
Dir wënscht Iech dass Är Placementer derzou bäidroe méi eng nohalteg, ekologesch a sozial Zukunft ze bauen? Invest4change ass fir Iech gemaach. Et ass den éischte „LuxFlag Sustainable Insurance“ labelliséierte Versécherungsproduit. E selektionéiert fir Iech ethesch Fongen no enger strenger Auswiel vun Aktiven (Aktien an Obligatiounen) no Ëmwelt-, Sozial- a Gouvernance-Krittären (ESG).
Seng Philosophie: d'Ënnerstëtzung vun Entreprisen, déi sech fir eng nohalteg wirtschaftlech Entwécklung asetzen.
Dank enger Investitiounsstrategie, déi vun de professionellen Associatiounen an dëser Matière strikt approuvéiert gëtt, kënnt Dir no Äre Valeure spueren an domat op d'Welt an där mir liewen oppassen.
*Referéiert iech un d'allgemeng Bedéngunge vu smartlife an invest4change fir d'Konditioune vun engem virzäitege Retrait ouni Käschten.