No Pole Position eng zweet Plaz fir de Gil Linster zu Vallelunga
Zu Vallelunga an Italien geet de Gil Linster de Weekend bei der zweeter Manche vun der Euronascar 2 zu Vallelunga an Italien un den Depart.
No dem gelongenen Optakt beim éischte Race Weekend zu Valencia, wou de Lëtzebuerger Gil Linster säin Toyota Camry mat der Nummer 50 net nëmmen op d'Pole Position gestallt huet mee en och huet duerfen an der Victory Lane parken, war hie voll motivéiert a fokusséiert op den zweete Circuit. Mental am Simulator a physesch am Fitness Studio huet de Lëtzebuerger sech op de 4,1 Kilometer laangen Autodromo "Piero Taruffi" zu Vallelunga virbereet.
Um Freiden an de fräien Training-Sessions goung et ugangs wéi üblech ëm Astellungen um Auto. Mee do konnt ee scho feststellen dass den Auto vun Hendriks Motorsport an de Chauffeur gutt a Form sinn. Am FP1 gouf et e Problem mat enger Uelegfuite, an dofir ass "nëmmen" eng 8. Plaz eraus koum. Am FP2 war de Lëtzebuerger du mat 1:42.026 Minutten de Séiersten, iwwer eng hallef Sekonn méi schnell wéi säin Teamkolleeg Martin Doubek (#7).
Um Samschden de Moien am Qualifying huet de Linster et
nees fléie gelooss an ass mat 1:41.338 déi séierst Zäit gefuer, soudass hien den Auto op d’Pole Position stelle konnt.
An der éischter Course vum Weekend huet de Lëtzebuerger et
direkt beim Start mam Claudio Capelli ze di kritt a béid Autoe sinn niefteneen durch dräi Kéiere gefuer. De Capelli ass onglécklech iwwer d'Curbs eraus komm an huet sech gedréint. De Patrick
Schober konnt net auswäichen an huet den Italiener ze pake kritt. No enger hallwer Ronn also gouf et also schonn déi éischte "FCY" (Full Course Yellow).
Beim Restart an der 5. Ronn huet de Martin Doubek de
Lëtzebuerger iwwerrascht an ass a Féierung gaangen, ma eng Ronn duerno gouf et nees eng FCY wéinst dem Auto #47 dee mat engem Platten schlecht stoung. An der 7. Ronn beim 2. Restart huet de Martin Doubek sech lues ofgesat. Déi zwee Hendriks Motorsport Autoen sinn dem Feld dovu gefuer an no 17 Ronnen huet de Martin Doubek gewonnen, dat 5 Sekonne virum Gil Linster Den Thomas Toffel huet op déi drëtte Plaz gepackt.
Programm
EuroNASCAR 2 RACE 2 (mam Gil Linster), mir iwwerdroen de Programm op RTL.lu an um RTL Play
Sonndeg, 19. Mee 2024:
Ufank vun der Emissioun: 10h10
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 11h45
Saison-Kalenner 2024

© Screenshot
An Amerika gëtt haaptsächlech am Oval gefuer, an Europa ass awer just d'Streck zu Venray an Holland en Oval. Déi aner Strecke sinn normal Circuitsstrecken.