Pilote si generell extrem sensibel, esou RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl

© Photo by Alessio Morgese / NurPhoto / NurPhoto via AFP
946 Deeg leien tëscht dem Lewis Hamilton senger zweetleschter Victoire a Saudiarabien 2021, a sengem leschte Succès e Sonndeg bei sengem Heem-Grand-Prix.
De Rekordweltmeeschter konnt bei sengem 104. Grousse Präis an der Formel 1, deen hie gewonnen huet, seng Emotiounen net méi zeréckhalen. D'Tréine sinn nëmmen esou gefloss, nodeem hien zu Silverstone als éischten iwwert d'Linn gefuer ass. De fréiere Mercedes-Formel-1-Ingenieur an RTL-Expert Dominique Riefstahl, deen den 39 Joer ale Hamilton ganz gutt kennt, ass net wierklech iwwert déi Reaktioun verwonnert:
Den Lewis ass en zimmlech spirituelle Mënsch. Hien ass extreem no u senge Gefiller. Dat ass allgemeng eng Charakteristik vu Rennpiloten. Si sinn extreem sensibel. Kloer, si brauchen dat, well si musse jo och wëssen, d'Gefill ze hu fir den Auto, wéi den Auto reagéiert, wéi den Auto sech beweegt. Mä si hunn dat am Allgemengen. Dat heescht, si sinn och extreem sensibel op Temperaturännerungen, Kaméidisängerungen am Auto an och emotionell Ännerungen un hinne selwer. Jo, ech denken, de Lewis hat wierklech domadder ze kämpfen, dass d'Leit alleguer hien esou e bëssen ofgeschriwwen haten... 'Jo, dat war et mat senger Karriär.' An hien huet mat Mercedes elo e bëssen ofgeschloss an en ass nach just fokusséiert op Ferrari an en huet kee Vertraue méi an esou quasi déi Hochzäit tëschent him an der Mercedes ass esou e bësse verluergaangen.
Fir de Lewis Hamilton war et net nëmmen dee leschte Grousse Präis vun Groussbritannien an engem Mercedes. Déi nächst Saison fiert de Britt jo bei Ferrari, ma et war och déi 9. Victoire zu Silverstone, esou vill Courssen huet nach ni e Pilot op engem an deem selwechte Circuit gewonnen.