Monza ass rout, duerch an duerch rout. 20 Mol huet Ferrari schonn hei gewonnen, déi leschte Kéier 2024 mam Charles Leclerc. Dee seet am aktuellen Episod vum offiziellen F1-Podcast "Beyond the Grid", et géif näischt Besseres ginn, wéi als Ferrari-Pilot zu Monza un den Depart ze goen.
Gläichzäiteg ass den Erwaardungsdrock enorm. Den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl wéilt net an der Plaz vun den Italieener sinn: "Ech ka mir kee méi stressvollen Job virstellen, wéi fir Ferrari ze schaffen an zu Monza mussen ze performen. All Schrëtt an Trëtt, all Decisioun, all Wuert gëtt analyséiert an ausernee geholl, an op d'Wo geluecht. A si droen d'Hoffnung vun der ganzer Natioun, fir déi Relioun Ferrari kënne ganz uewen op de Podium ze stellen."
Dëst Joer leet d'Scuderia nach direkt e puer Couchen drop. Esou kritt den SF-26 fir Monza eng Speziallackéierung, déi un déi éischt Schumacher-Victoiren 1996 (ë.a. zu Monza) erënnert. An et soll en neien, bessere Ferrari-Motor agesat ginn.
En historeschen Design a méi Cavalli. Ferrari iwwerléisst näischt dem Zoufall. Den Dominique Riefstahl bleift trotzdeem skeptesch: "Si hunn en Auto, dee beim Topspeed net esou schlecht ënnerwee ass, si hunn och relativ gutt Traktioun aus de luese Kéieren eraus… Um Pabeier kënne si zu Monza gutt Saache leeschten. D'Fro ass, ob se mat deem ganzen Drock kënnen ëmgoen an, ob d'Strategie hinnen erëm an de Féiss steet. Et huet een an der leschter Course erëm gesinn, dass déi zwee Pilote sech nach net der Stalluerdnung ënnerstelle wëllen. Do gëtt diskutéiert, do gëtt verhandelt, dat geet meeschtens schif. Dofir fäerten ech, dass dee gréisste Géigner vu Ferrari zu Monza si selwer sinn.“
De grousse Favorit dëse Weekend heescht deemno: Mercedes. Hiren Auto misst perfekt op de séiere Circuit vu Monza passen, ass den RTL-F1-Expert iwwerzeegt. Den Antonelli kéint eigentlech den éischten Italieener zënter 1966 sinn, deen zu Monza gewënnt. Mee Mercedes huet scho méi laang annoncéiert, dass de WM-Leader en neien Undriff brauch an dofir e Sonndeg op d'mannst 10 Strofplazen no hanne réckele muss. Dat deet zu Monza zwar manner wéi, wéi op anere Circuiten an awer kënnt hie fir eisen Expert esou quasi net méi fir eng Victoire a Fro: "Et ass net onméiglech. Wann et ee Weekend mat vill Degradatioun ass, ass nach méi dran. An awer misst Mercedes sech wierklech, wierklech stretchen an eng extrem Dominanz weisen, fir dass et duergeet. Et ass net auszeschléissen, dass extern Evenementer déi Saach méiglech maachen… Wann een awer éierlech ass, ass et op normalem Wee schwéier machbar, virun allem, well nach een anere Mercedes ganz vir steet.“

Deen anere Mercedes ass den George Russell. Dee läit an der Tabell 59 Punkten hannert dem Antonelli a brauch dréngend en Erfollegserliefnis.
Mee do sinn nach déi Orange vu McLaren. De Weltmeeschter Norris huet déi zwou lescht Coursse gewonnen. Mee loung dat un de verwénkelte Circuiten oder huet McLaren wierklech e Schrack no vir gemaach? McLaren wëllt zu Monza och endlech seng Versioun vu Macarena-Spoiler asetzen. Den Dominique Riefstahl ass gespaant: "Sollt McLaren Weeër fannen, hiren Auto op engem Highspeed-Circuit wéi Monza un d'Funktionéieren ze kréien, da kritt déi zweet Saisonshallschent eng ganz aner Tournure. Da si si mat Favorit fir déi zweet Hallschent. A wann ee bedenkt, wéi vill Punkten nach oppe sinn, dann heescht dat, dass och d'WM ee gutt Stéck méi oppen ass.“
Wéi eng Nationalhymn gëtt elo e Sonndeg den Owend um beandrockende Podium vu Monza gespillt? Um Pabeier ass "God Save the King" am Virdeel. Mee zu Monza gouf et scho vill Surprisen, mir erënneren eis u Gasly 2020 a Ricciardo 2021. Sollte Ferrari oder Antonelli dann awer fir d'"Fratelli d’Italia" suergen, dann ass duerno sécher ganz Monza vum Matsangen hees.
Den Dominique erkläert: den Autodromo vu Monza
En eenzegaartege Circuit fir eenzegaarteg Supporter. Fir d'Tifosi ass Ferrari Relioun – a Monza ass do, wou d'Mass gehale gëtt. Net fir näischt dréit de Circuit den Numm "Tempel vun der Vitess".
De Reverend Vowles wäert dëst Joer wuel net d'Priedegt halen. Mee Totobatti a Co kéinten duerchaus als Mersatan den Italieener d'Liewe schwéier maachen, woubäi den Antonelli als Trouschtpräis sécherlech Uklang fënnt.
Monza ass a bleift eng Motorestreck. No de leschten ADUO-Publikatioune misst d'Hierarchie kloer sinn: Red Bull ganz vir, Mercedes a McLaren hannendrun, duerno eréischt Ferrari, Audi an Honda. Mee wéi de Pneueliwwerant esou schéi seet: "Power is nothing without control".
An dovunner brauch een zu Monza genuch. Virun allem Loftwidderstand an Energiegestioun si kruzial. Mercedes huet aktuell bei der "Loftschlüpfregkeet" d'Nues vir, mee Red Bull huet nach säi Macarena-Flillek am Tirang, deen zu Monza säi Comeback feiere kéint. Ferrari plangt héchstwarscheinlech en ADUO-Upgrade fir doheem top auszegesinn.
Op der Chassissäit brauch et am Autodromo gutt Traktioun an en Auto, deen d'Kerbs ka schlécken – eng Disziplin, an där Ferrari dëst Joer besonnesch staark ass. Gläichzäiteg mussen d'Ingenieuren d'Belaaschtung op déi lénks Pneuen am Grëff halen: ze vill Frontbelaaschtung an d'Parabolica gëtt mat Ënnersteieren zur Schwaachstell; ze vill hannen, an d'Ausgäng vun de Chicanë ginn zum Kanounefudder.
Monza versprécht also Spektakel – besonnesch well Mercedes Motorestrofe muss zéien a sech vun hannen duerch d'Feld kämpfe muss.
