
Beim Grousse Präis vu Monaco gouf et dëst Joer ee Problem mat de Miessunge vun der Vitess an der Boxegaass. Dat war schonn an de Fräien Trainingen opgefall, an och wärend der Course huet et Zäitstrofe gereent. Déi meescht Piloten hunn déi Strofe bei hirem nächste Boxestopp ofgesiess. De Pierre Gasly hat awer kee Boxestopp méi, a krut dofir seng zwou 5-Sekonne-Strofen no der Course op säi Resultat drop gerechent, esou wéi et am F1-Reglement festgehalen ass. Och wann hien op der Streck hannert Antonelli an Hamilton als drëtten iwwert d’Arrivée gefuer ass, gouf hien nëmmen als 7. gewäert. Den Isack Hadjar huet déi leschte Plaz um prestigiéise Monaco-Podium geierft.
Alpine, d’Écurie vum Pierre Gasly, hat direkt no der Course vum sougenannten “right of review” profitéiert. An effektiv koumen d’Rennkomissären zur Conclusioun, dass d’Vitess an der Boxegaass falsch gemooss gouf, an dass de Pierre Gasly de facto déi 60 km/h net depasséiert hat, an hunn déi zwou Zäitstrofen erëm zeréckgeholl. De Gasly krut säi Podium deemno um gréngen Dësch zeréck.
Domadder wollte Red Bull a McLaren sech awer net offannen. Hir Pilote waren duerch d’Urteel an éischter Instanz nämlech erëm hannert de Pierre Gasly zeréckgefall. Béid Ecurie goungen dowéinst virun d’Appellsgeriicht vum Weltverband FIA. An do gouf d’Urteel aus éischter Instanz kasséiert.
D’Urteel vu 26 Säiten ass a groussen Deeler e Geometrie-Nohëllefcours, wéi eng Distanz tëschent zwou Linne richteg gemooss gëtt. De Problem zu Monaco ass entstanen, well d’Boxenentrée liicht aneschters war wéi déi Jore virdrun, an d’Piloten doduerch um Ufank vun der Boxegaass ofkierze konnten, also méi ee kuerze Wee méiglech war, wéi am Chronometrage definéiert. Doduerch gouf d’Vitess méi héich berechent, wéi se a Wierklechkeet war. D’Kommissären an éischter Instanz haten argumentéiert: “Ee Pilot, deen näischt falsch gemaach huet, kann net bestrooft ginn.”
D’Riichter an zweeter Instanz goungen de Problem vun enger anerer Säit un. Si stellen effektiv fest, dass an de Reegelen net präzis genuch definéiert war, wéi eng Method beim Moosse vun der Distanz tëschent zwou Boxegaass-Linnen applizéiert muss ginn. Deemno wier d’Miessung zu Monaco zwangsleefeg konform mam Reegelwierk gewiescht. Och wann sech nodréiglech erausgestallt hätt, dass d’Miessunge vläicht sachlech falsch waren, hätten se de Reegelen entsprach. Weider ënnersträichen d’Riichter, dass de Problem schonn an de Fräien Trainingen opgefall wier, an dass vereenzelt Ecurien hire Pilote recommandéiert haten, an der Boxenentrée net méi ofzekierzen, fir falsch Vitessdepassementer z’evitéieren. Si kommen zur Conclusioun, dass de Chronometreur sech un d’Reegele gehalen huet, dass d’Miessungen dowéinst net ze kontestéiere sinn, an dass d’Zäitstrofe géint de Gasly erëm applizéiert musse ginn.
De Gasly verléiert deemno seng drëtte Plaz beim Monaco-Grand-Prix. Neien Drëtten ass erëm de franséische Red-Bull-Pilot Isack Hadjar. Och Piastri, Lawson a Lindblad rutschen eng Plaz erop, wärend de Gasly nëmmen nach als 7. gewäert gëtt.
D’FIA-Appellsgeriicht ënnersträicht donieft, dass sech an dësem Urteel net mat der Fro beschäftegt gouf, op et iwwerhaapt gerecht wier, nodréiglech Zäitstrofen z’annuléieren, wärend dat bei Strofen, déi scho bei engem Boxestopp absolvéiert goufen, net méiglech ass. An der F1 gouf et nom éischten Urteel gréisser Diskussioun ronderëm genee déi Fro.
Fir dass sech esou en Hin an Hir net méi widderhuele kann, huet d’F1 mëttlerweil och hir Methoden, wéi d’Distanz vun der Boxegaass gemooss gëtt, präziséiert. Esou soll sécher gestallt ginn, dass d’Vitess op Grondlag vun der kierzter Distanz, déi theoretesch méiglech ass, berechent gëtt.
