Chester Kieffer fiert zu Estoril eng éischte Kéier op de Podium

© Isphoto
E Samschdeg stoungen d'Manchen 3 a 4 vun der Porsche Sprint Challenge Südeuropa um Programm. Iwwerzeegt huet nees den Chester Kieffer.
An der éischter Course vum Weekend zu Estoril a Portugal ass den Chester Kieffer vun der 6. Plaz an d'Course gaangen. Allerdéngs gouf de Lëtzebuerger um Enn vum éischten Tour ëmgedréint an ass wäit zréckgefall. De Pilot vun CLRT Schumacher konnt sech awer nees no vir kämpfen. Um Enn ass hien als 7. iwwer de Wäisse Stréch gefuer a gouf op en Neits beschte Rookie. D'Course gouf vum Chester Kieffer sengem Teamkolleeg Flynt Schuring gewonnen. Den Hollänner ass virum Ariel Levi an Dreke Janssen iwwert de Wäisse Stréch gefuer.
An der Qualifikatioun ginn déi zwou séierst Ronne geholl, fir d'Startopstellung vun deenen zwou Courssen ze definéieren. An do ass den Chester Kieffer déi drëttséiersten Zäit gefuer a konnt dowéinst an der zweeter Course um Autódromo Fernanda Pires da Silva hannert am Ariel Levi an dem Flynt Schuring un den Depart goen. Déi zweete Course vum Dag war awer relativ chaotesch a gouf dacks ënnerbrach. Bei engem vu ville Restarts huet den Chester Kieffer awer seng drëtte Positioun eng zweete Kéier op dësem Dag un den Dreke Janssen missen ofginn. Am leschten Tour huet den Hollänner awer en entscheedende Feeler gemaach, wouvun de Kieffer profitéiere konnt, fir eng éischte Kéier an der Porsche Sprint Challenge Südeuropa op de Podium ze fueren. Gewonnen huet de Flynt Schuring virum Ariel Levi.