Nodeems de Lëtzebuerger seng Victoire vun e Samschdeg oferkannt krut, stoung hien um Sonndeg ob en Neits ganz uewen um Podium.

Den Dylan Pereira hat zimmlech aggressiv den Enzo Trulli an der éischter Course vun der neier Saison iwwerholl. Ze aggressiv fir Kommissären. Resultat no der Analyse war eng 5 Sekonne Strof fir de Lëtzebuerger, deen doduerch ob déi 4. Plaz zeréck gefall ass. Ee vu sengen Haaptkonkurrenten, den Enzo Trulli, Fils vum fréieren F1-Pilot Jarno Trulli, huet déi éischte Manche doduerch gewonnen.
 
An der zweeter Course vum Porsche Carrera Cup Asia, déi um Shanghai International Circuit am Kader vun der Formel-1 gefuer ginn, ass den Dylan Pereira vun der Pole an Course gaangen. Déi Positioun konnt de fréiere Porsche Supercup Champion beim Depart och verdeedegen. Den Enzo Trulli ass nom Depart, wéinst engem Problem mat sengem Auto, net bis an déi éischte Kéier komm an huet den Auto fréizäiteg missen ofstellen. Duerch e puer weider Tëschefäll beim Start koum et direkt nom éischten Tour zu enger Safety-Car-Phas.
 
Den Dylan Pereira konnt all Attack beim Restart ouni grouss Problemer ofwieren fir no 13 Ronnen mat enger komfortabeler Avance als Gewënner iwwert de wäisse Stréch ze fueren. 
 
D'Victoire ass dann och an dréchenen Dicher, well et an dëser Course keng gréisser Incidente gouf. Zweete gouf de Rodrigo Dias Almeida an de Podium komplettéiert de Brock Gilchrist.

Den Dylan Pereira ass no deenen zwou éischten Coursen mat 42 Punkten Leader am General vum Porsche Carrera Cup Asia.

Den 18.-20. Abrëll ginn déi nächste Coursen vum Porsche Carrera Cup Asia zu Motegi a Japan gefuer.