Bei der Kenia-Rallye, der 3. Manche vun der Rallye-WM gëtt et no enger reegelrechter Materialschluecht iwwer 4 Deeg um Enn eng Victoire vum Elfyn Evans.

Den Toyota-Pilot kann deemno no senger Victoire a Schweden Mëtt Februar seng zweet Victoire hannertenee feieren.

De Podium gëtt komplettéiert vum Ott Tänak an dem Thierry Neuville, allebéid op Hyundai.

De Lëtzebuerger Grégoire Munster kënnt mat sengem belsche Copilot Louis Louka um Enn op eng ganz gutt 5. Plaz*, dat trotz villen technesche Problemer mam Ford Puma. Dobäi koum, dass e Mëttwoch dem Grégoire Munster säi Bop gestuerwen ass, wat de jonke Pilot mat der duebeler Nationalitéit mental zimmlech belaascht huet wärend dem Rallye.

Et war e Rallye mat Héichten an Déifte fir de Grégoire Munster. Eng futtis Spuerstaang a Cardan um Freidegmoien... e Motor deen iwwerhëtzt huet am Nomëtteg. Samschdes du Pech mat Platten, dofir awer seng zweet Beschtzäit an der WRC, dat op der 15. Speciale. Um Sonndeg dunn huet d'Boîte op de leschte Kilometer vun der 19. Speciale de Geescht opginn. Mat vill Chance hu se et nach an de Service Parc gepackt, wou d'Mecaniciene vun M-Sport et gepackt hunn, bannent just 15 Minutten d'Boîte ze wiesselen! Doduerch konnte Munster/Louka nach déi zwou lescht Specialle fueren, an op der Powerstage souguer nach 2 Bonuspunkte sammelen. E grousse Merci goung op der Arrivée a Richtung vu sengem Team, déi en phenomenalen Job geleescht hätten.

RTL

© Nikos Katikis / DPPI via AFP

An der WM ass den Evans op Plaz 1 mat 88 Punkten. De Grégoire Munster verbessert sech op Plaz 9.

Nächste Rendez-vous ass vum 24.-27. Abrëll op de Kanaren.

*No der Arrivée stoung de Grégoire Munster nach als 6ten am Generalklassement. Well de Japaner Takamoto Katsuta sech op der leschter Speciale nach iwwerschloen hat, gouf säin Toyota Yaris sou uerg beschiedegt, dass et zwar nach duergaangen ass fir op d'Arrivée ze fueren, bis an de Parc fermé huet en et awer net méi gepackt. Doduerch gëtt hien am Rallye net gewäert, an de Grégoire Munster réckelt eng Plaz no vir op Plaz 5.