Gudde Weekend fir de Lëtzebuerger Steve Jans

V.l.n.r. Steve Jans, Aaron Walker / © GetSpeed
De Steve Jans fiert dës Saison mat GetSpeed an der International GT Open, dat op engem Mercedes-AMG GT3 EVO. De Cockpit deelt hie sech mam Aaron Walker.
De Weekend war um Hungaroring zu Budapest an Ungarn déi 4. Manche vum International GT Open. Béid Pilote ginn an der Pro-Am-Klass un den Depart. An der éischter Course ass den Duo vu Plaz 7 gestart. Obwuel d'Fuerer vu GetSpeed op dem schwéiere Circuit um Hungaroring Schwieregkeeten haten ze iwwerhuelen, konnte sech Jans a Walker bis op déi 5. Plaz virun hir Haaptkonkurrenten no vir kämpfen.
Besser gelaf ass et fir déi béid Piloten dunn an der zweeter Course. No engem komplizéierte Start vu Plaz 2 ass de Lëtzebuerger Steve Jans dunn nom Wiessel vun der 5. Plaz weidergefuer. Séier konnt sech de Fuerer vun GetSpeed no vir schaffen. Um Enn ass déi éischt Plaz mat enger Avance vun 1,8 Sekonnen op der Arrivée erausgesprongen.
Duerch dës Victoire klëmmt den Duo Jans/Walker elo am Generalklassement op déi 1. Plaz. Mat enger Avance vu 4 Punkten am Réck geet et fir si an hirem Mercedes AMG GT3 EVO de Weekend vum 19. Juli weider um Circuit Paul Ricard a Frankräich.