Kalle Rovanperä mat éischter Victoire bei Rallye Finnland

© AFP
De Finn stoung un der Spëtzt vun enger fënneffacher Victoire fir d'Toyota-Autoen. Hyundai hat mat de Pneuen ze kämpfen. De Grégroire Munster gouf 9.
Et war en historesche Weekend a Finnland: de Kalle Rovanperä huet all d'Epreuven dominéiert, ass souguer déi séierst Zäit jeemools bei enger Rallye-Manche gefuer a stoung un der Spëtzt vun enger fënneffacher Victoire fir Toyota. Den Duerchschnëtt iwwer déi ganz Manche louch bei 129,9 km/h, wat en neie Rekord duerstellt. Et war déi éischt Kéier zënter 1990, dass een Hiersteller déi éischt fënnef Positiounen am Schlussklassement beluecht huet.
De finnesche Fuerer louch no 20 Epreuvë knapp 39 Sekonne virum Takamoto Katsuta a souguer 45 Sekonne virum Sébastien Ogier. Duerch d'Plaze 4 a 5 fir den Elfyn Evans an de Sami Pajari stounge fënnef Toyotae ganz vir. Den Thierry Neuville war mat Plaz 6 den éischte Hyundai-Fuerer am Klassement. De belsche Weltmeeschter hat iwwer 2 Minutte Réckstand op de Rovanperä, deen als éischte Finn zënter 8 Joer d'Heemspill gewanne konnt. Den Neuville hat um Samschdeg iwwer 2 Minutte wéinst engem Problem mam Pneu verluer. Geneesou war et sengem Coequipier Fourmaux ergaangen. Béid ware vu Plaz 2 an 3 op 6 a 7 zeréckgefall.
Fir de Leader am General, den Est Ott Tänak, koum et knëppeldéck. Fir d'éischt hat hie mat de Stroossekonditiounen ze kämpfen, an der siwenter Epreuve hat hien e Bam touchéiert - säin Auto hat uschléissend Problemer mat der Killung -, krut eng Zäitstrof vu fënnef Minutten an hat an der leschter Epreuve, wéi seng Teamkolleegen, e Problem mat de Pneuen.
Den Tänak musst sech um Enn mat Plaz 10 zefridde ginn a louch domat souguer hannert dem Grégoire Munster op sengem Ford Puma. Och de Lëtzebuerger hat e Problem mat de Pneuen. Ausgerechent an der leschter Epreuve krut säin Auto e Platten, soudass eng besser Placéierung fort war.
Am Generalklassement iwwerhëlt den Elfyn Evans mat 173 Punkten d'Féierung vum Ott Tänak. Duerch d'Victoire a Finnland ass de Rovanperä punktgläich mam Evans un der Spëtzt an den Ogier deelt sech d'Plaz 3 mam Tänak (163).
Déi nächst Manche vun der Rallye-Saison 2025 ass vum 28. bis den 31. August a Paraguay. Et ass eng Première fir d'südamerikanescht Land.