
Leschte Weekend sinn zu Vallelunga d'Semi-Finals 1 an 2 vum Nascar GP Italy gefuer ginn. Mat um Start de Lëtzebuerger Gil Linster, dee sech awer net wéi gewinnt an Zeen setze konnt:
„Mir hunn op allen dräi Autoen, säit dem fräien Training, bis elo einfach keen Setup fonnt. Eis dräi Autoe waren all eng Sekonn vun de Beschten ewech. De Roy (Roy Hendriks, Teamchef vun der Nummer 7, der Nummer 30 an dem Gil Linster senger Nummer 50) huet alles probéiert, mee et huet näischt richteg funktionéiert. Elo gëtt et mega schwéier, den Titel ze huelen, awer sou laang et rechneresch méiglech ass, bleiwe mir fokusséiert", sou dem Gil Linster säi Kommentar.
An der éischter Course e Samschdeg war de Lëtzebuerger vun der sechster Plaz gestart an als Siwenten ofgewonk ginn. E Sonndeg war hien als Siwente fortgefuer an konnt um Enn eng Plaz guttmaachen.
Well seng direkt Konkurrenten awer virun him ukomm sinn, ass de Gil Linster am Generalklassement op déi véiert Plaz zeréckgefall an huet 37 Punkte Réckstand op deen Éischten am General.
Déi zwou Coursse goufe vum Raphael Lessard, virum Thomas Toffel gewonnen. Den Toffel konnt seng Féierung am Generalklassement verdeedegen, wärend de Lessard op P2 virgeréckelt ass.
D'Championnat gëtt um leschte Weekend vum Championnat, de 17. an 18. Oktober, zu Zolder entscheet. Rechneresch ass et fir de Gil Linster nach ëmmer méiglech, den Titel bei de Finals ze gewannen – mee nëmmen dann, wann den Éischte zu Zolder Problemer kritt.