Däitsche Motorsport am TrauerDen Hans Herrmann ass mat 97 Joer gestuerwen

Tom Nols
Den däitsche Le-Mans-Gewënner an Ex-Formel-1-Fuerer war geléierte Patissier an ass ënnert anerem fir Mercedes-Benz, BRM, Maserati a Porsche gefuer.
Den Hans Herrmann ass ënnert anerem op de legendäre Silberpfeile gefuer
Den Hans Herrmann ass ënnert anerem op de legendäre Silberpfeile gefuer
© FABIAN SOMMER/dpa Picture-Alliance via AFP

Am Alter vu 97 Joer ass e Freideg den Hans Herrmann gestuerwen. Wärend senger laanger Karriär am Motorsport ass hie virun allem fir Porsche erfollegräich gewiescht. 1970 hat hien op Porsche 917 déi éischt Gesamtvictoire fir déi Zuffenhausener zu Le Mans kënne feieren.

Den Hans Herrmann an de Richard Attwood op Porsche 917 zu Le Mans 1970
Den Hans Herrmann an de Richard Attwood op Porsche 917 zu Le Mans 1970
© AFP

Den Hans Herrmann war den 23. Februar 1928 zu Stuttgart op d’Welt komm an hat Patissier geléiert, well hie senger Mamm hire Café iwwerhuele sollt. Séier hat hien d’Féiwer vun der Rennerei awer méi gepaakt, an no éischten Erfolleger Ufank de 1950er Joren war hien an d’Wierksteam vu Mercedes-Benz beruff ginn. Un der Säit vu Juan Manuel Fangio a Sterling Moss duerft hien op de legendäre Silberpfeile fueren.

Den Hans Herrmann mat "sengem" Silberpfeil
Den Hans Herrmann mat “sengem” Silberpfeil
© MARIJAN MURAT / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Déi meeschten a gréisste Succèse sollt den Hans Herrmann awer mat Porsche afueren. Klassevictoire zu Le Mans, op der Mille Miglia an op der Carrera Panamericana, däitsche Champion bei de Sportsween, 12 Stonne vu Sebring, Targa Florio, Formel 2 Europameeschterschaft... am Ganze méi wéi 80 Victoiren oder Championstitele konnt den Herrmann sammelen.

“Hans im Glück”

De Laangstrecken- a Monoposto-Spezialist huet als zouverlässeg a bestänneg gegollt. Mä och hien hat méi wéi ee brenzelege Moment a senger Karriär, a gouf zu Recht “Hans im Glück” genannt. Nodeems de Stuttgarter bei der Stroossecourse Mille Miglia eng Kéier nach sou just ënnert enger Zuchbarriere erduerch komm war, hat hie gesot: “Glück muss man haben”.

No senger Victoire zu Le Mans huet den Hans Herrmann, sou wéi en et senger Fra versprach hat, den Helm un den Nol gehaangen. Hie sollt nach laang Joren de Musée vu Porsche begleeden an u klasseschen Eventer ronderëm d’Welt deelhuelen. Den Hans Herrmann hannerléisst seng Fra Magdalena, zwee Bouwen an en Enkelkand.

Back to Top
CIM LOGO