
Wéi d'Table ronde ugefaangen huet, ware vill Leit an der Hospitality vu Peugeot. D’Annonce, dass d'Doriane Pin en Interview géif ginn, huet sech zu Spa séier ronderëm geschwat. Déi 22 Joer al Franséisin souz zwar net am Cockpit bei der 2. Manche vun der Endurance-Weltmeeschterschaft, mee spillt bei der franséischer Autosmark awer eng grouss Roll.
D'Doriane Pin: "Meng Aarbecht bei Peugeot besteet doran, Entwécklungspilotin ze sinn. Dat heescht, vill Aarbecht um Simulator, fir den Auto weider z’entwéckelen. Dat, wat si op der Streck maachen, gëtt op de Simulator iwwerdroen, an do maache mir Upassungen a Setup-Tester, fir Léisungen a Verbesserunge fir den Auto ze fannen. An da kënnt nach dobäi, datt ech um Enn vum Joer e Rookie-Test virbereeden. Dowéinst ass et wichteg, vill Zäit um Simulator ze verbréngen, fir all d'Systemer kennenzeléieren an den Auto esou gutt wéi méiglech fir d’Ekipp virunzebréngen.”

Michèle Mouton ass e groussen Numm am franséischen Automobilsport. 1975 stoung déi haut 74 Joer al Pilotin bei de 24 Stonne vu Le Mans an hirer Kategorie ganz uewen um Podium an huet als éischt Fra iwwerhaapt 1981 de General vun der WM-Rallye zu San Remo gewonnen. D'Doriane Pin fillt sech geéiert, mam Michele Mouton verglach ze ginn.
"D'Michèle Mouton ass natierlech eng grouss Referenz am Motorsport. Also jo, ech hoffen och, datt een emol vu mir schwätzt als Pilotin, déi de Wee op héchstem Niveau gepackt huet.”
2023 war d'Doriane Pin schonn emol bei de 24 Stonne vu Le Mans mat dobäi. Deemools ass si zesumme mam Daniil Kvyat a Mirko Bortolotti op déi 20. Plaz an der LMP2-Kategorie gefuer. An dëser zweethéchster Klass vun der Endurance-Weltmeeschterschaft soll dëst Joer de grousse Coup glécken.
"Ech hoffen och, geschwë flott Saachen an den Top-Kategorien ze maachen, besonnesch am Endurance-Racing. Ech fueren dëst Joer d’24 Stonne vu Le Mans an der LMP2-Klass mat Duqueine. Mir hunn e gudde Line-up mat Julien Andlauer a Richard Verschoor, also mengen ech, datt mir eng gutt Chance hunn, fir ëm d’Klassevictoire bei de 24 Stonne vu Le Mans ze kämpfen.”
Hiert Talent huet si scho laang ënner Beweis gestallt. Aktuell ass d'Franséisin Championne vun der F1 Academy, der Dammeserie, déi am Kader vun der Formel 1 gefuer gëtt.
Rezent huet si och dierfen e Formel 1 vu Mercedes aus dem Joer 2021 zu Silverstone testen, wou d'Doriane Pin och Entwécklunspilotin ass.