MotoGP: Grousse Präiss vu FrankräichJorge Martin kroopt sech Victoire zu Le Mans

RTL Lëtzebuerg
© GIGI SOLDANO/DPPI via AFP

E Sonndeg war déi fënneft Course vun der Saison um Circuit zu Le Mans. De Jorge Martin konnt nom Sprint e Samschdeg och d'Course e Sonndeg gewannen. Dobäi war de Spuenier vun der aachter Plaz an d'Course gaangen, mee konnt sech lues a lues no vir schaffen. De Marco Bezzecchi an den Ai Ogura koumen op d'Plazen 2 an 3, domat hu fir en historesche Moment fir d'Ecurie Aprilia gesuergt. Et war déi éischt Kéier fir d'Italieener, dass si dräi Piloten um Podium stoen haten.

De Francesco Bagnaia war vun der Pole Position an d'Course gaangen, mee musst dës Positioun direkt um Depart un de Marco Bezzecchi oftrieden. Wéinst engem schlechte Start huet sech den Italieener no den éischte Kéieren op Plaz 5 erëmfonnt. Am weidere Verlaf vun der Course huet de Bagnaia sech mam Pedro Acosta ëm Plaz 2 hannert dem Bezzecchi duelléiert. Vun hanne koum de Jorge Martin ëmmer méi no. An der 16. Ronn ass de Bagnaia gefall a war aus der Course.

Opgrond vun de bessere Pneuen huet de Martin fir d'éischt den Acosta geschléckt an huet duerno op de Bezzecchi opgeschloss. Fënnef Ronne viru Schluss louch de Réckstand just nach bei 0,4 Sekonnen. Zwou Ronne méi spéit huet de Spuenier de Bezzecchi iwwerholl an domat den teaminterne Kampf fir sech entscheet. Den Acosta gouf nach vum Ogura a vum Di Giannantonio geschléckt a koum net op de Podium.

Am Klassement huet de Bezzecchi elo just nach ee Punkt Virsprong op den haitege Gewënner Martin. Den Di Giannantonio huet den Acosta net nëmmen um Circuit, mee och am Klassement iwwerholl an ass neien Drëtten an der Weltmeeschterschaft.

An der Moto2 koume véier Spuenier op déi éischt Plazen. D'Course gouf vum Izan Guevara virum Manuel Gonzalez an dem Ivan Ortola gewonnen. De Gonzalez bleift am Klassement Éischte virum Guevara. Den Celestino Vietti an de Senna Agius, déi Drëtt a Véiert am Klassement, goufe Sechste respektiv Siwenten hannert dem Alonso Lopez an dem Kolumbianer David Alonso.

De Maximo Quiles feiert seng drëtt Victoire an der nach jonker Moto3-Saison. De Spuenier hat eng däitlech Avance op säi Kompatriot Adrian Fernandez an den Italieener Matteo Bertelle. Am Weltmeeschterschaftsklassement huet de Quiles no fënnef Coursse schonn eng däitlech Avance op Fernandez, Carpe a Perrone. De Valentin Perrone gouf zu Le Mans just den Eeleften, den Alvaro Carpe huet de schwaarz-wäiss karéierte Fändel net gesinn.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.


D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Jorge Martin 41:18,001
2 Marco Bezzecchi +0,477
3 Ai Ogura +0,874
4 Fabio Di Giannantonio +2,851
5 Pedro Acosta +2,991

Moto2

1 Izan Guevara 14:14,987
2 Manuel Gonzalez +0,566
3 Ivan Ortola + 2,969
4 Alonso Lopez + 3,949
5 David Alonso +5,165

Moto3

1 Maximo Quiles 24:41,640
2 Adrian Fernandez +1,888
3 Matteo Bertelle +4,227
4 Veda Pratama +7,659
5 Joel Esteban +10,916

D'WM-Klassement

MotoGP

1 Marco Bezzecchi 128
2 Jorge Martin 127
3 Fabio Di Giannantonio 84
4 Pedro Acosta 83
5 Ai Ogura 67

Moto2

1 Manuel Gonzalez 79,5

2 Izan Guevara 70

3 Senna Agius 59

4 Celestino Vietti 53

5 David Alonso 48

Moto3

1 Maximo Quiles 115

2 Adrian Fernandez 69

3 Alvara Carpe 53

4 Valentin Perrone 52

5 Veda Pratama 50

Back to Top
CIM LOGO