An der éischter Manche um Sonndeg de Moie koum et zu enger schlëmmer Sortie de route vun engem belsche Pilot. Den Impakt war esou staark, dass de Porsche d'Leitblank duerchbrach an ee Streckeposte mat ewechgerappt huet, eng Fra, déi ganz schwéier blesséiert mam Rettungshelikopter vun der Air Rescue an eng Klinick geflu gouf.
Déi 48 Joer al Fra ass am Spidol gestuerwen, wéi d'Police um Sonndeg den Owend matdeelt.
Hire Mann gouf liicht blesséiert, grad wéi de Pilot, deen awer fir eng weider Kontroll an d'Spidol gefouert gouf.
Seng Ekipp 911 Impact Racing huet um Sonndeg den Owend op Facebook gepost, datt iwwer seng physesch Blessuren eraus, de Schock vum Accident ganz déif sëtzt an et moralesch ganz haart fir hie wier. All Gedanke wiere fir d'Affer an och d'Famill.

Firwat genee de Rennwon an d'Streckebegrenzung gerannt ass, wär net kloer, schreift d'Police. D'Gefier gouf beschlagnaamt. Et leeft eng Enquête.
Wéi de Parquet um Sonndeg den Owend matdeelt, war d'Police technique op der Plaz vum Accident. Iwwerdeems gëtt eng Autopsie vum Affer gemaach, fir déi genee Doudesursaach festzestellen.
En date du 3 mai 2026, un grave accident a eu lieu lors de la course de côte d’Eschdorf, causant trois blessés, dont le chauffeur du véhicule accidenté et deux commissaires de course. Les services de secours ainsi que la Police grand-ducale sont intervenus directement suite à l’accident.
Le parquet de Diekirch a requis que la police technique se rende sur les lieux et a demandé à ce que le véhicule accidenté soit saisi.
A 17.45 heures, une des victimes – une femme âgée de 48 ans - est décédée à l’hôpital de la suite de ses blessures. Le parquet de Diekirch a demandé une autopsie afin de découvrir les causes exactes de la mort.
L’instruction, comportant de nombreuses vérifications, est en cours.
D‘Organisateuren hunn op alle Fall séier decidéiert, datt d'Course ofgesot géif ginn, Decisioun, déi vun all de Pilote mat Versteesdemech akzeptéiert gouf.
Dës Interviewe ware virun der Annonce vum Doud vun der Steckeposte gemaach ginn:
De Sébastien Petit, Vainqueur 2025 mat neiem Streckerekord, sot: "Mes pensées, premièrement, elles vont envers la commissaire qui a été sérieusement blessée. On n 'en sait pas plus pour l 'instant. On espère que l 'issue sera vraiment favorable et positive. Et une grosse pensée aussi à Loïc Cordier qui a fait l 'accident. C 'est clair qu 'on est tous déçus que la course soit annulée. Mais on pense avant tout aux blessés. Ce qui est le plus important, c 'est la vie humaine."
De Lëtzebuerger Pilot Steve Fernandes huet erkläert: "Natierlech weess ëmmer jiddwereen, datt et ka geschéien. Mir hoffen ëmmer, datt et net geschitt. Elo ass et leider agetraff. Hoffen, datt et net esou schlëmm ass. An natierlech, et ass eng traureg Geschicht fir de Motorsport. Mee ech soen awer och, datt dat bei allem ka geschéien."