MotoGP zu San MarinoMarc Marquez iwwerhëlt mat Victoire de Lead am WM-Klassement

RTL Lëtzebuerg
Hie gewënnt viru sengem Brudder Alex Marquez an dem Pedro Acosta. An der Moto2 huet de Manuel Gonzalez seng Avance am WM-Klassement ausgebaut. De Maximo Quiles feiert seng aacht Victoire an der Moto3.
© ANDREAS SOLARO/AFP

De Marc Marquez iwwerhëlt no senger fënnefter Victoire dës Saison de Lead am WM-Klassement vun der MotoGP. No enger staarker Course huet hie sech viru sengem Brudder Alex an dem Pedro Acosta behaapt, woumat et e spuenesche Podium gouf.

An der Course war et en Op an Of fir de Spuenier. Nom Out vum Marco Bezzecchi an der éischter Ronn louch hien a Féierung, gouf awer kuerz drop vum Jorge Martin iwwerholl. An der 12. Ronn konnt hie sech d'Féierung zeréckhuelen an huet se uschléissend géint säi Brudder Alex verdeedegt. Och de Pedro Acosta an den David Aldeguer hunn de Martin iwwerholl. De Marc Marquez hat seng Chancen op de WM-Titel virun e puer Méint schonn ofgeschriwwen, elo ass hien nees WM-Leader. E Samschdeg hat hien och de Sprint virum Bezzecchi an dem Martin gewonnen.

An der Moto2 huet de Manuel Gonzalez mat senger fënnefter Victoire an dëser Saison säi Virsprong am WM-Klassement ausgebaut. Hie konnt sech däitlech virum Collin Veijer an dem Barry Baltus behaapten. Den Ivan Ortola an den Izan Guevara hu mat Plaz 4 respektiv 6 wichteg Punkten op de Gonzalez verluer.

D'Pilote vun der Moto3 ware schonn um 11 Auer un den Depart gaangen. Hei konnt sech den dominéierende WM-Leader Maximo Quiles knapp viru sengem gréisste Konkurrent David Almansa behaapten. De Brian Uriarte huet de Podium komplettéiert. Dem Quiles ass de WM-Titel wuel kaum nach ze huelen. Hien huet siwe Coursse viru Schluss bal 90 Punkte Virsprong op den Almansa. Um Circuit vu Misano war et seng aacht Victoire a säin zwielefte Podium an dëser Saison.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.


D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Marc Marquez 41:13,013
2 Alex Marquez +0,657
3 Pedro Acosta +2,326
4 Aldeguer +6,027
5 Jorge Martin +14,021

Moto2

1 Manuel Gonzalez 34:57,913
2 Collin Veijer +2,451
3 Barry Baltus +4,692
4 Ivan Ortola + 5,785
5 Tony Arbolino + 6,068

Moto3

1 Maximo Quiles 33:42,713
2 David Almansa +0,021
3 Brian Uriarte +1,343
4 Matteo Bertelle +12,219
5 Valentin Perrone +12,258

D'WM-Klassement

MotoGP

1 Marc Marquez 274
2 Jorge Martin 274
3 Marco Bezzecchi 241
4 Fabio Di Giannantonio 223
5 Pedro Acosta 209

Moto2

1 Manuel Gonzalez 232,5
2 Izan Guevara 185
3 Ivan Ortola 157,5
4 Senna Agius 149
5 David Alonso 139

Moto3

1 Maximo Quiles 281
2 David Almansa 174
3 Alvaro Carpe 159
4 Brian Uriarte 154
5 Marco Morelli 138

Back to Top
CIM LOGO