De Weekend ass um Lausitzring an Däitschland déi 6. Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland gefuer ginn. Nodeems den Dylan Pereira e Samschdeg gewonnen huet, ass de Lëtzebuerger e Sonndeg vun der Pole an d’Course gaangen. An et sollt och e Sonndeg eng Victoire fir den Dylan Pereira ginn. Domat war et fir den Dylan Pereira seng drëtte Victoire hannerteneen am Carrera Cup Däitschland, dat nodeems en um Nürburgring an och um Samschdeg schonns ganz uewen um Podium stoung.
Op déi 2. Plaz fiert dem Pereira säi gréisste Konkurrent Larry ten Voorde aus Holland. Op der 3. Plaz klasséiert sech de Laurin Heinrich.
Am General läit den Heinrich weider un der Spëtzt mat 218 Punkten. Zweeten ass den ten Voorde mat 192 Punkten an de Pereira huet als Drëtten 190 Punkten. De Lëtzebuerger huet domadder weider Chancen op d’Schlussvictoire.
Mam Carlos Rivas ass och een zweete Lëtzebuerger beim Porsche Carrera Cup Däitschland dobäi. Hien ass Amateur a fiert an der ProAm-Wäertung. De Carlos Rivas huet awer kee gudden Dag erwëscht a klasséiert sech um Enn op der 29. an domat leschter Plaz.
No dësem Weekend bleiwen nach 4 Courssen an dëser Saison ze fueren.