
No der Victoire am Sprint e Samschdeg war de Marc Marquez nees WM-Leader gewiescht, well de Jorge Martin net iwwer déi véiert Plaz erauskomm war. An der Course vum Grand-Prix vun Indonesien war et net ganz ëmgedréint, mee dem Martin goung eng drëtt Plaz duer, fir sech d'Féierung am Klassement nees zeréck ze erkämpfen. De Marquez koum just op déi sechst Plaz a geet mat 2 Punkte Réckstand an déi nächst Course an Australien.
Gewonne gouf d'Course vum Marco Bezzecchi, deen nach ëmmer Chancen op d'WM-Kroun behält. Den Italieener läit 46 Punkten hannert dem Jorge Martin op Plaz 3. Hannert dem Bezzecchi huet sech säin Teamkolleeg Raul Fernandez placéiert, deen de Martin hannert sech hale konnt.
An der Moto2 spëtzt sech den Duell tëscht de Spuenier Izan Guevara a Manuel Gonzalez ëmmer méi zou. De Guevara konnt duerch seng drëtt Victoire hannerteneen de Réckstand op de Gonzalez op just nach 5,5 Punkte reduzéieren. Den David Holgado huet de Podium komplettéiert a konnt sech ganz knapp virum Neiséilänner Senna Agius behaapten.
Dem Maximo Quiles ass de WM-Titel an der Moto3 net méi ze huelen. De Spuenier huet 132 Punkten Avance op säi gréisste Konkurrent David Almansa. Fir de Quiles war et déi zéngt Victoire an dëser Saison. De Brian Uriarte huet als Drëtten nach wichteg Punkten am Kampf ëm de Vize-Weltmeeschtertitel gesammelt.
1 Marco Bezzecchi 40:46,582
2 Raul Fernandez +4,260
3 Jorge Martin +6,890
4 Ai Ogura +9,378
5 Pedro Acosta +9,492
1 Izan Guevara 21:44,433
2 Manuel Gonzalez +3,570
3 David Holgado +4,497
4 Senna Agius 4,809
5 David Munoz +6,461
1 Maximo Quiles 32:36:821
2 David Almansa +2,994
3 Brian Uriarte +5,156
4 Matteo Bertelle +5,250
5 Rico Salmela +10,967
1 Jorge Martin 355 Punkten
2 Marc Marquez 353
3 Marco Bezzecchi 309
4 Ai Ogura 259
5 Pedro Acosta 258
1 Manuel Gonzalez 265,5 Punkten
2 Izan Guevara 260
3 Ivan Ortola 191,5
4 Daniel Holgado 170
5 David Alonso 166
1 Maximo Quiles 351 Punkten
2 David Almansa 219
3 Brian Uriarte 203
4 Alvaro Carpe 191
5 Marco Morelli 146