Rallye DakarSerderidis/Munster hu sech e puer mol iwwerschloen - béid onverletzt, ma Rallye ass eriwwer

Andy Brücker
Op der 3. Etapp vun der Rallye Dakar war et de virzäitegen Out fir den Duo Serderidis/Munster.
Nom Accident war net méi un e Weiderfueren ze denken
© Grégoire Munster

Laang huet et gedauert, bis een en Dënschdeg wousst, wat geschitt war. Um Zäitemonitor koum einfach kee Resultat era vum Jourdan Serderidis a sengem Lëtzebuerger Copilot Grégoire Munster. Méi spéit dunn awer d’Meldung, dass si en Accident haten.

© Jourdan Serderidis

De Grégoire Munster huet sech dann och kuerz gemellt, an erkläert, dass un hirem Ford Raptor en Deel vun der Lenkung gebrach ass, wouduerch dësen onstabil gouf a si sech direkt e puer mol iwwerschloen hunn. Geschitt ass dat ganzt bei ronn 140 Stonnekilometer am 6. Gang. Deementspriechend hefteg war d’Konsequenz. Souwuel dem Jourdan Serderidis, wéi och dem Grégoire Munster geet et awer gutt. Si konnten net éischter Bescheed soen, well si matten an der Wüst keen Handysignal haten. Et war dann och séier e Rettungshelikopter op der Plaz, wou si vun Dokteren duerchgecheckt goufen.

Geschitt ass den Accident en Dënschdeg géint 11.30 Auer moies. Et hat bis 18.30 Auer gedauert, bis d’Mecaniciene vun M-Sport op der Onglécksplaz ukomm sinn. Si hunn déi néidegst Reparature gemaach, fir dass se de Raptor konnten op e Camion oplueden, fir en ofzetransportéieren. Dat war owes um 23 Auer de Fall. Tëschenduerch huet een et sech bei engem Lagerfeier gemittlech gemaach an och mat de lokalen Zuschauer en Téi gedronk. Et hat bis 1 Auer nuets gedauert, bis se aus der Wüst waren a bis 3 Auer, bis se zeréck am Bivouac waren.

© Grégoire Munster

Um Mëttwoch de Mëtteg huet dann och de Jourdan Serderidis sech an de soziale Medien zu Wuert gemellt a matgedeelt, dass et deenen zwee gutt geet, an e grousse Merci geet un den Equipage mat der Startnummer 338, déi hinne gehollef hunn aus dem zerstéierten Auto ze klammen. Och de Grégoire Munster huet um Mëttwoch den Owend weider Detailer vum Accident matgedeelt, dat mat klenge Videostoryen a Fotoen, déi hie wärend der laanger Attente an der Wüst gemaach huet.

Op Nofro beim Grégoire Munster um Mëttwoch konnt hien nach net soen, wéi et genee weidergoe wäert, elo wou den Dakar fir hie gelaf ass. Als nächst steet de Rallye Monte-Carlo op der Agenda. Hie sollt jo eigentlech bis de 17. Januar op der Dakar am Asaz sinn, an dann den 18. Januar um Rallye Monte-Carlo untriede fir d’Reconnaissance ze fueren.

Seng Preparatioun op de Rallye Monte-Carlo dierft deemno manner stresseg oflafen, och wann e sécherlech léiwer de Stress a Kaf geholl hätt an den Dakar dofir op en Enn hätt kënne fueren.

Back to Top
CIM LOGO