Decisioun op leschter Speciale vun der SaisonElfyn Evans a Scott Martin si Rallyeweltmeeschter 2026

Andy Brücker
Méi spannend konnt d'Decisioun ëm de Weltmeeschtertitel am Rallye net sinn.
© NIKOS KATIKIS/DPPI via AFP

Dëse Weekend gouf mat der Rallye Italien op Sardinien déi lescht Manche vun dëser Saison gefuer. Dräi Piloten haten nach Chancen op den Titel: den Elfyn Evans, den Oliver Solberg an de Sami Pajari, allen dräi Pilote vun Toyota.

Den Oliver Solberg huet sech lues awer sécher e komfortabele Virsprong fir d'Victoire vum Rallye erausgefuer, ma hannendru war et spannend ze gesinn, wou den Evans wäert am Generalklassement landen. Virun der allerleschter Speciale hat den Evans just nach 1 Punkt Virsprong op de Solberg, wann de Rallye deen Ament eriwwer gewiescht wier. Den Evans hat Pech an en huet mussen e Platte wiesselen an huet vill Zäit verluer. Ma op der leschter Speciale, der sougenannter Powerstage ginn et nach emol Bonuspunkten.

Deementspriechend ass et wierklech op déi allerleschte Speciale vun der Saison ukomm, fir d'Decisioun ëm de Weltmeeschtertitel ze fannen.

Souwuel den Evans wéi och de Solberg hunn op de leschte 7,1km nach emol alles ginn.

Den Evans ass d'Special a 4min59,8 Sekonne gefuer. Hien huet vun deem Ament u musse waarden, wat de Solberg hannert him mécht. Do virdru sinn awer nach de Fourmaux, de Pajari an den Ogier iwwert d'Special gefuer. Deementspriechend laang huet d'Decisioun nach op sech waarde gelooss.

© NIKOS KATIKIS/DPPI via AFP

An der éischter Tëschenzäit war de Solberg de Séiersten. Op de Schotterspecialen op Sardinien kann ee sech zu all Ament e Platten huelen oder e Feeler maachen. D'Spannung war bal net auszehalen am Servicepark. Jiddereen huet de Livestream vum Solberg gekuckt. Um zweete Split hat de Solberg nach 1,2 Sekonne Virsprong op den Evans. Et huet alles nom séchere Weltmeeschtertitel fir de Solberg ausgesinn... zwou Kéiere virun der Zillinn huet den Oliver Solberg awer e Fuerfeeler gemaach, ass vun der Strooss ofkomm an huet puer Sekonne verluer. Déi puer Sekonne sinn duergaangen, fir dass den Evans sech d'Bonuspunkten op der Powerstage séchere konnt, déi him de Weltmeeschtertitel geséchert hunn.

Den Elfyn Evans an de Scott Martin sinn deemno Rallye-Weltmeeschter 2026!

Et ass dëst dem Evans säin 1. Weltmeeschtertitel, an dobäi kënnt och nach, dass dëst Joer déi lescht Saison war, wou mat den aktuelle Rally1-Autoe gefuer gëtt. D'nächst Joer komme manner performant Autoen an der Rallye-WM an den Asaz.

De Rallye Italien gouf iwwregens vum Oliver Solberg an Elliott Edmondson gewonnen, virum Sébastien Ogier a Vincent Landais. Plaz 3 geet un de Sami Pajari a Marko Salminen.

Déi 5. Plaz am Generalklassement geet dem Elfyn Evans an dem Scott Martin duergaangen, fir Rallye-Weltmeeschter ze ginn, mat 5 Punkte Virsprong op Solberg/Edmondson.

Back to Top
CIM LOGO