MotoGP: Grousse Präis vu KatarWM-Decisioun léisst no Victoire vu Bezzecchi op sech waarden

Jeff Birsens
E Sonndeg hätt de Marc Marquez de Weltmeeschtertitel fréizäiteg kloer maache kënnen. De Marco Bezzecchi hat do awer eppes dergéint.
Second-placed Ducati Lenovo Team's Spanish rider Marc Marquez (L) and winner Aprilia Racing's Italian rider Marco Bezzecchi celebrate on the podium after the end of the MotoGP Qatar Grand Prix at the Lusail International Circuit on November 8, 2026. (Photo by Karim JAAFAR / AFP)
Den Zweete Marc Marquez (lénks) muss no der Victoire vum Marco Bezzecchi (riets) nach op säi méigleche WM-Titel waarden.
© AFP

E Sonndeg huet de Marco Bezzecchi de Grousse Präis vu Katar an der MotoGP gewonnen. Den Italieener war déi ganz Course iwwer un der éischter Plaz bliwwen a konnt seng Féierung bis op d'Arrivée bäibehalen. Um Enn stoung en Ecart vun iwwer dräi Sekonnen op den Zweete Marc Marquez an den Drëtte Raul Fernandez. Duerch dëst Resultat huet de Marc Marquez säin éischte Matchball verspillt, de WM-Titel fréizäiteg kloer ze maachen.

An der Moto2 war d'Victoire e Sonndeg fir den Daniel Holgado. De Spuenier konnt sech um Enn virum Iran Ortola an dem Alex Escrig duerchsetzen. De Manuel Gonzalez konnt dobäi seng Féierung trotz enger 6. Plaz weider ausbauen, well säi Verfollger Izan Guevara duerch Probleemer mat sengem Moto ausgefall ass.

An der Moto3 gouf et eng dominant Prestatioun mat enger souveräner Victoire vum David Almansa. De Pilot vun der Ecurie Intact GP hat op der Arrivée e Virsprong vun 2.516 Sekonnen op den Adrian Fernandez. De Maximo Quiles, deen zanter dem Grousse Präis an Indonesien schonn als Weltmeeschter feststeet, konnt seng Pole Position net verdeedegen an huet d'Course op der drëtter Plaz ofgeschloss.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.


D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1. M. Bezzecchi 41:29.173
2. M. Marquez +3.083
3. R. Fernandez +3.614
4. A. Ogura +4.885
5. E. Bastianini +6.948
6. P. Acosta +7.413
7. J. Martin +14.023
8. F. Di Giannantonio + 15.517
9. J. Zarco +16.257
10. I. Lecuona +17.958

Moto2

1. D. Holgado 35:13.340
2. I. Ortola +2.265
3. A. Escrig +2.285
4. D. Alonso +4.143
5. D. Munoz +4.962
6. M. Gonzalez +8.396
7. S. Agius +9.034
8. J. Antonio Rueda +9.237
9. F. Salac +9.362
10. C. Vietti +10.470

Moto3

1. D. Almansa 33:09.479
2. A. Fernandez +2.516
3. M. Quiles +2.585
4. V. Pratama +5.653
5. A. Carpe +5.700
6. J. Kelso +5.954
7. H. Danish +7.315
8. D. Munoz +11.381
9. R. Yamanaka +11.428
10. S. Ogden +11.465

D'WM-Klassement

MotoGP

1. M. Marquez 431
2. J. Martin 371
3. M. Bezzecchi 357
4. P. Acosta 309
5. A. Ogura 294
6. F. Di Giannantonio 282
7. R. Fernandez 258
8. A. Marquez 197
9. F. Bagnaia 173
10. E. Bastianini 147

Moto2

1. M. Gonzalez 286.5
2. I. Guevara 273
3. I. Ortola 219.5
4. D. Holgado 215
5. D. Alonso 204
6. S. Agius 175
7. F. Salac 162
8. C. Vietti 146
9. A. Lopez 134.5
10. D. Munoz 97

Moto3

1. M. Quiles 392
2. D. Almansa 253
3. A. Carpe 216
4. B. Uriarte 207
5. A. Fernandez 177
6. V. Pratama 144
7. M. Morelli 141
8. H. Danish 125
9. V. Perrone 121
10. M. Bertelle 103

Back to Top
CIM LOGO