
Am Spëtzematch setzt sech d'Sparta Bartreng an eegener Hal däitlech mat 77:56 géint de Champion Etzella Ettelbréck duerch a setzt domat en éischt Zeeche vun der Stäerkt fréi an der Saison. De Max Logelin koum op 17 Punkten a 7 Assists. Bartreng konnt sech schonn am éischte Véierel ofsetzen an huet d'Partie mat engem staarken drëtte Véierel (20:4) entscheet.
Den T71 Diddeleng séchert sech déi éischt Victoire des Saison mat engem 96:83 Succès géint d'Résidence Walfer. Den Domenick Sleva koum op 28 Punkten fir d'Lokaelkipp déi sech am leschte Véierel ofsetze konnt.
D'Amicale Steesel wënnt auswäerts däitlech mat 91:61 géint de Basket Esch. Nom Säitewiessel huet Steesel d'Partie dominéiert an um Enn kloer gewonnen, de Conley Phipps koum op 34 Punkten. Esch war ouni de Jordan Hicks offensiv net geféierlech genuch, de Comeback vum Alex Rodenbourg ass net duergaangen, fir des Partie oppen ze gestalten.
Am Duell vun den Opsteiger setzt sech Zolwer auswäerts mat 105:94 géint de Gréngewald Hueschtert duerch. Mat 28 Punkte konnt den Gerald Drumgoole bei de Gäscht iwwerzeegen, de Gilles Weis huet 19 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
D'Musel Pikes klappen d'Arantia Fiels no enger dramatescher Schlussphas mat 87:84. Den Enzo Sanna huet ronn 5 Sekonne viru Schluss den entscheedenden Dräier getraff an seng Ekipp domat a Féierung bruecht, d'Fiels konnt eng leschte Méiglechkeet net méi notzen, fir sech an d'Verlängerung ze retten. De Julian Hammond koum op 24 Punkten fir d'Gäscht aus der Fiels.
De Racing Lëtzebuerg setzt sech kloer mat 89:71 géint d'Kordall Steelers duerch, d'Gäscht bleiwen domat ouni Victoire des Saison. Den Antunio Bivins koum op 28 Punkten, fënnef Spiller vum Racing konnten zweestelleg scoren.
________________________________________________
Bei den Damme wënnt de Champion T71 Diddeleng de Spëtzematch auswäerts géint den AB Contern. Zur Paus war de Score nach ausgeglach, nom Säitewiessel huet sech Diddeleng allerdéngs ofgesat an um Enn däitlech mat 83:47 gewonnen. Contern hat ouni eng zweet Profispillerin am Kader nom Säitewiessel keng Méiglechkeet méi, am Match ze bleiwen, d'Lauren Van Kleunen koum op 32 Punkte bei de Gäscht.
D'Musel Pikes bleiwen ongeschloen, dat no engem kloren 109:49 Succès auswäerts zu Wolz. D'Magaly Meynadier koum op 26 Punkten, dorënner aacht Dräier.
D'Amicale Steesel setzt sech auswäerts mat 91:78 géint den Opsteiger Gréngewald Hueschtert duerch. Dobäi koum Desiree Ramos op 35 Punkte bei de Gäscht.