An der Coque um Kierchbierg huet Lëtzebuerg sech virun 640 Zuschauer iwwer 40 Minutte gutt geschloen, um Enn allerdéngs mat 52:64 géint d'Ukrain verluer. No engem schwaache Start an d'Partie louchen d'Rout Léiwinnen 0:13 hannen an et huet no enger klorer Néierlag ausgesinn. D'FLBB-Formatioun huet sech duerno gefaangen an de Réckstand ass geschmolt. An der Paus louch d'Ukrain just nach 31:25 a Féierung a Lëtzebuerg hat Confiance gesammelt.
Nom Säitewiessel huet Lëtzebuerg weiderhin gutt Aktioune gewisen an ass an der Partie bliwwen. No engem spektakulären Dräier vum Catherine Mreches um Enn vum drëtte Véierel konnt Lëtzebuerg de Réckstand virum Optakt vum véierte Véierel op 5 Punkten verkierzen (39:44).
D'Lokalekipp huet et duerno awer net fäerdeg bruecht, nach emol geféierlech no erunzekommen, d'Ukrain wënnt um Enn mat engem Virsprong vun 12 Punkten. D'Anne Simon (16 Punkten) an d'Catherine Mreches (14) hunn am beschte getraff fir Lëtzebuerg.
Am zweete Match am Grupp M huet sech Frankräich mat 104:57 géint Groussbritannien duerchgesat. E Samschdeg kënnt et vun 18:00 Auer zum Duell mam Noper a Vize-Weltmeeschter Frankräich. Dëst gëtt e Match, bei deem de Gymnase vun der Coque kéint ausverkaaft sinn.

Frankräich: 1 Match, 2 Punkten
Ukrain: 1 Match, 2 Punkten
Lëtzebuerg: 1 Match, 1 Punkt
Groussbritannien: 1 Match, 1 Punkt
11. November 2026: Lëtzebuerg - Ukrain
14. November 2026: Lëtzebuerg - Frankräich
17. November 2026: Groussbritannien - Lëtzebuerg
10. Februar 2027: Ukrain - Lëtzebuerg
13. Februar 2027: Frankräich - Lëtzebuerg
16. Februar 2027: Lëtzebuerg - Groussbritannien