D'Sparta Bartreng setzt sech auswäerts mat 75:69 géint den T71 Diddeleng duerch. Bei der Lokalekipp kruten den Jimmie Lee Taylor (31 Punkten) an den Domenick Sleva (26) kaum Ennerstëtzung vun de lokale Spiller an hunn d'Partie doduerch verluer. Bei de Gäscht koum de Shelton Williams-Dryden op 25 Punkten, de Max Logelin huet 20 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
Eng enk Partie hunn d'Supporter op der Musel gesinn, wou sech d'Lokalekipp mat 86:85 géint de Stater Racing duerchsetze kann. D'Gäscht hätte sech kënnen an eng Verlängerung retten, konnte mat der leschter Aktioun allerdéngs keng dräi Punkte méi markéieren. De Sam Streef konnt mat 28 Punkten, dorënner 7 Dräier, glänze bei de Pikes.
D'Kordall Steelers wanne mat 90:77 auswäerts géint d'Résidence Walfer. 36 Punkten goungen op de Kont vum Blake Jones bei de Gäscht, fir déi et déi drëtte Victoire ass an der lafender Saison.
Um Sonndeg stinn dräi weider Partië vum Spilldag um Programm.