Basketball-Championnat DammenDiddeleng dréint de Match géint Esch, d'Pikes wannen eng enk Partie

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg war den Optakt vum Basketball-Championnat 2026/27 bei den Dammen, dat mat der zweeter Editioun vum Ladies Open.
De Resumé vum Match Conter géint Wolz bei den Dammen
Um éischte Spilldag vun der neier Saison huet sech AB Contern mat 84:72 géint Wolz duerchgesat.

Nodeems dëst speziellt Event schonn an der Saison 2025/26 eng éischte Kéier vun der FLBB um INS organiséiert gouf, goufen d'Matcher dëst Joer alleguer an der Hal vum Opsteiger Gréngewald Hueschtert gespillt. De Veräi krut dëst Event zougeloust.

Den AB Contern setzt sech mat 84:72 géint Wolz duerch. Conter hat de bessere Start an d'Partie, de Géigner aus dem Norden huet sech allerdéngs net ofhänke gelooss. Um Enn war d'Qualitéit am Kader vu Conter méi héich. D'Hannah Stines (19 Punkten, 15 Rebounds, 9 Assists) an d'Esmeralda Skrijelj (18 Punkten, 10 Rebounds, 8 Assists) hu mat staarke Leeschtungen iwwerzeegt an als Ekipp konnt Conter 13 Dräier markéieren.

Den Titelfavorit T71 Diddeleng ass mat enger 84:61-Victoire géint de Basket Esch an d'Saison gestart. An der Paus huet et allerdéngs net no dëser klorer Victoire ausgesinn. De Basket Esch louch no 20 Minutte mat 49:36 a Féierung. Déi zweet Hallschecht huet Diddeleng dominéiert a mat 48:12 fir sech entscheet. D'Catherine Mreches koum op staark 25 Punkten.

Am drëtte Match hunn d'Lokalekipp Gréngewald Hueschtert an d'Musel Pikes géinteneen gespillt. Bei der Ekipp vun der Musel huet d'Magaly Meynadier matgespillt, d'Nationalspillerin ass op der Sich no engem Veräin am Ausland, trainéiert a spillt aktuell awer mat hirem fréiere Club. D'Partie war enk bis zum Schluss, um Enn setze sech d'Pikes knapp mat 87:83 duerch. D'Meynadier konnt mat 20 Punkten (alleguer an der éischter Hallschecht) déi meeschte Punkten vun de Pikes markéieren.

Back to Top
CIM LOGO