
Frankräich a spillen e Sonndeg an der däitscher Haaptstad Berlin ëm de Weltmeeschtertitel am Dammebasket.
An der éischter Halleffinall e Samschdeg huet sech Frankräich mat 86:64 géint Däitschland behaapt. Bis d'Paus (38:48) konnt Däitschland nach gutt mathalen, ma no der Paus hunn d'Franséisinne sech ëmmer méi ofgesat. Grond dofir waren ënner anerem vill Ballverloschter op däitscher Säit. Bescht Scorerin vum Match war d'Gabby Williams mat 22 Punkten fir Frankräich.
Fir Frankräich an Däitschland ass et elo schonn eng historesch WM. Frankräich steet fir d'éischte Kéier an der Finall a kämpft géint den Toppfavorit USA ëm den éischte Weltmeeschtertitel. Däitschland spillt ëm d'Bronzemedail, et wier déi éischt WM-Medail.
D'USA hu sech an der zweeter Halleffinall mat 76:66 géint Spuenien duerchgesat. D'Partie war laang spannend. Virum leschte Véierel louch Spuenien géint de Rekord-Weltmeeschter nëmme mat engem Punkt a Féierung (58:59). An de leschte zéng Minutten hunn d'USA dunn awer nëmme méi aacht Punkten zougelooss a sech domadder den Ticket fir d'Finall geséchert.
Fir d'USA geet et géint Frankräich ëm de 5. WM-Titel.
D'Finall gëtt e Sonndeg um 20:00 Auer gespillt.