Coupe-Auslousung am HärebasketSteesel spillt géint Ettelbréck, Lousgléck fir Bartreng an Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg goufen d'Aachtelsfinallen an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Häre geloust.
© Emile Mentz (Archiv)

De Coupe-Titelverdeedeger Arantia Fiels spillt auswäerts beim BC Mess aus der Nationale 2, donieft kënnt et zum Spëtzematch tëschent der Amicale Steesel an der Etzella Ettelbréck. Lousgléck haten d'Sparta Bartreng an den T71 Diddeleng, déi all Kéier géint eng Ekipp aus der Nationale 3 untrieden.

D'Matcher am Iwwerbléck (Des Matcher ginn den 20., 21. an 22. Oktober gespillt)

Amicale Steesel - Etzella Ettelbréck
Dikrech (+20) - Sparta Bartreng
BC Mess (+10) - Arantia Fiels
Mambra Mamer (+10) - Musel Pikes
North Fox Clierf (+10) - Basket Esch
US Hiefenech (+10) - Kordall Steelers
Telstar Hesper (+20) - T71 Diddeleng
Résidence Walfer - Nitia Beetebuerg (N2) ODER Gréngewald Hueschtert (dëse Match gëtt den 8. Oktober gespillt)

Back to Top
CIM LOGO