
Um Mëttwoch huet sech d'Résidence Walfer an der eegener Hal mat 82:71 géint Zolwer duerchgesat. Dobäi huet den Oliver Vujakovic 26 Punkte markéiert bei sengem Debut dës Saison, hie war déi éischt zwee Matcher vun der Saison gespaart. D'Gäscht hate keng Reussite vun der Dräierlinn (3/17) a konnten d'Partie doduerch zum Schluss net méi dréinen.
D'Musel Pikes hu sech zu Munneref kuerz schwéier gedoen, d'Lokalekipp louch duerch den 10-Punkte-Bonus am Ufank vum Match bis zu 15 Punkten a Féierung, d'Pikes hunn dëse Réckstand allerdéngs no an no opgeholl an um Enn souverän mat 93:84 gewonnen. De Kyle Johnson koum op 23 Punkten an 23 Rebounds fir d'Pikes.
Hiefenech setzt sech am interne Ligaduell géint d'Hedgehogs Bascharage mat 66:59 duerch, dat an engem Match, dee bis zum Schluss ausgeglach war. Spannend war et och zu Contern wou sech d'Gäscht vum BC Mess knapp mat 76:74 behaapten.
Clierf aus der Nationale 2 setzt sech souverän mat de Préizerdall aus der Nationale 3 duerch. Um Dënschdeg hate sech mat Dikrech an Hesper zwou Ekippen aus der drëtter Divisioun fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert. Um Donneschdeg spillt nach Mambra Mamer aus der Nationale 2 géint de Racing Lëtzebuerg.
Um Donneschdeg huet Mamer aus der Nationale 2 doheem mat 93:77 géint de Racing Lëtzebuerg gewonnen an de Géigner aus der Enovos League domat aus der Coupe gehäit. D'Lokalekipp hat e staarke Start a konnt aus dem 10-Punkte-Bonus bis zur Paus eng 58:34 Féierung maachen. De Racing, deen ouni de Profi Malcolm Richardson misst untrieden, konnt awer eng Reaktioun weisen a sech bis op 6 Punkten erukämpfen, dat ronn 8 Minutte viru Schluss. Mamer huet de Laf vum Géigner gestoppt a sech um Enn behaapt, den Terry Winn koum op 30 Punkte fir Mamer. Nächst Woch steet nach d'Partie tëschent Beetebuerg (Nationale 2) an dem Gréngewald Hueschtert um Programm.