E Sonndeg ass d'Lëtzebuergerin hiren 1. Cyclocross dës Saison gefuer.

Virun e puer Woche war d'Christine Majerus nach bei der Cyclissem-WM a Groussbritannien um Depart, um Sonndeg goung fir d'Lëtzebuergerin hir Cyclocross-Saison lass, dat beim Superprestige vu Ruddervoorde an der Belsch.

Kloer am Fokus vun der 32 Joer aler Lëtzebuerger Championne ass d'Cyclocross-WM am Februar 2020 - bis dohi muss d'Form stëmmen.

E Sonndeg ass fir d'Christine Majerus eng 20. Plaz op iwwer 4 Minutten op d'Gewënnerin erausgesprongen. Gewonnen huet d'Course an der Belsch d'Hollännerin d'Ceylin del Carmen Alvarado.