Fir déi 3. Etapp vu Paris-Nice stoung en Ekippen-Zäitfueren iwwer 32,2 Kilometer um Programm.
Hei konnt sech Jumbo-Visma um Enn eng Sekomm virun EF Education-EasyPost duerchsetzen.
Am Generalklassement ass den Dän Magnus Cort Nielsen elo am giele Maillot vum Leader, eng Sekonn virum Belsch Nathan van Hooydonck an 3 Sekonne virum Australier Michael Matthews. De Bob Jungels ass elo de 16. op 28 Sekonnen, de Kevin Geniets den 47. op 1 Minutt am 11 Sekonnen, den Alex Kirsch steet op der Plaz 58 mat engem Retard vun 1 Minutt an 30 Sekonnen an de Michel Ries ass mat engem Retard vun 10 Minutten an 20 Sekonnen op Positioun 143.
Déi éischt 10 vun der Etapp:
1. Jumbo-Visma 33:55
2. EF Education-EasyPost 33:56
3. Jayco-AlUla 33:59
4. Groupama-FDJ 34:09
5. UAE Team Emirates 34:18
6. Bora-Hansgrohe 34:20
7. Soudal-QuickStep 34:34
8. Bahrain-Victorious 34:42
9. Ineos Grenadiers 34:43
10. Team DSM 34:43
D'Top 10 am General:
1. CORT Magnus EF-EasyPost 7:53:41
2. VAN HOOYDONK Nathan Jumbo-Visma 00:1
3. MATTHEWS Michael Jayco.AlUla 00:3
4. TARTNIK Jan Jumbo-Visma ''
5. VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma ''
6. YATES Simon Jayco-AlUla 00:7
7. POWLESS Neilson EF-EasyPost 00:8
8. SVENDSEN FOSS Tobias Jumbo-Visma ''
9. O'BRIEN Kelland Jayco AlULa 00:11
10. POGACAR Tadej UAE Emirates 00:14