Bei de 198,5 Kilometer iwwert d'Koppen tëscht Sisteron a La Colle-sur-Loup koumen de Gewënner an den neie Leader am Generalklassement aus der Echappée.

Scho fréi an der Course hate sech Echappéë forméiert, fir d'Course ze gewannen. Zu engem Ament hate sech 10 Coureure vir zesummefonnt, déi d'Etapp ënnert sech ausmaache wollten. Den Tempo am Peloton hat dann dozou gefouert, datt dësen auserneegebrach war, ma den zweeten Deel vum grousse Grupp konnt den Uschloss awer nees fannen.

D'Spëtzt ass dann wat d'Course méi laang a wat ee méi Bierger an de Been hat, ëmmer méi kleng ginn, éier op de leschte Kilometer nach dräi Leit ënnerwee waren, déi d'Etapp ënnert sech wollten ausmaachen. Déi beschte Been hat den Norweger vu Lidl-Trek Mattias Skjelmose, virum Brandon McNulti vun UAE Emirates an dem Matteo Jorgenson vu Visma-Lease a Bike. Aus der Grupp vum Maillot Jaune koum de Remco Evenepoel dee Séiersten.

Am Generalklassement iwwerhëlt de McNulti elo d'Féierung, mat 23 Sekonnen Avance op de Jorgenson. Den ale Maillot Jaune Luke Plapp ass elo nach just den Drëtten, mat 34 Sekonne Retard.

D'Klassement vun der 6. Etapp

1 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 4:36:51
2 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates ,,
3 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
4 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 0:52
5 TEJADA Harold Astana Qazaqstan Team 0:53
6 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
7 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team  ,,
8 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike ,,
9 ROGLIČ Primož BORA - hansgrohe ,,
10 BERNAL Egan INEOS Grenadiers ,,
...
41. JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 14:24
68 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 18:04
103 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 18:04

D'Generalklassement no der 6. Etapp

1 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 22:15:58
2 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:23
3 PLAPP Luke Team Jayco AlUla 0:34
4 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:54
5 EVENEPOEL Remco Soudal - Quick Step 1:03
6 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 1:14
7 ALMEIDA João UAE Team Emirates 1:30
8 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 1:36
9 TEJADA Harold Astana Qazaqstan Team 1:37
10 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 1:39
...
48 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 32:54
49 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 33:11
94 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 46:23