D'Nina Berton an d'Marie Schreiber konnte sech um leschten Dag nach eng Kéier am Schlussklassement verbesseren.

E Sonndeg gouf bei der Itzulia Women am Baskeland déi drëtt a lescht Etapp gefuer. No 114,9 Kilometer mat Depart an Arrivée zu Donostia huet sech en solitaire d'Demi Vollering duerchgesat. D'Hollännerin war mat engem Ecart vu 44 Sekonnen op d'Konkurrentin a Leaderin Mischa Bredewald ukomm a konnt sech domat nach d'Schlussvictoire sécheren.

D'Marie Schreiber ka sech op der leschter Etapp nach ëm zwou Plaze verbesseren a gëtt um Enn 66.. D'Nina Berton klëmmt duerch e staarken Effort e Sonndeg nach ëm 21 Plazen a steet am Schlussklassement domat direkt hannendrun op der 67. Plaz.

D'Schlussklassement

1 VOLLERING Demi 9:03:42
2 BREDEWOLD Mischa 0:34
3 LABOUS Juliette 0:52
4 GARCÍA Mavi 0:53
5 CHABBEY Elise 0:56
6 BARIL Olivia 0:59
7 DE JONG Thalita 1:00
8 SIERRA Arlenis 1:01
9 REUSSER Marlen 1:05
10 WYLLIE Ella ,,

66 SCHREIBER Marie 16:24
67 BERTON Nina 17:52

3. Etapp

1 VOLLERING Demi 3:03:34
2 DE JONG Thalita 0:44
3 BREDEWOLD Mischa ,,
4 BARIL Olivia ,,
5 CHABBEY Elise ,,
6 REUSSER Marlen ,,
7 LABOUS Juliette ,,
8 KERBAOL Cédrine ,,
9 VAN ANROOIJ Shirin ,,
10 WYLLIE Ella ,,

52 BERTON Nina 4:55

70 SCHREIBER Marie 8:46