D'Victoire op der leschter Etapp konnt sech de Jakob Söderqvist am Sprint huelen. Am General hunn et zwee Lëtzebuerger ënnert déi bescht 10 gepackt.

E Sonndeg ass mat der 5. Etapp déi 73. Editioun vun der Flèche du Sud op en Enn gaangen. Op der Arrivée zu Esch-Uelzecht huet sech no 149.5 Kilometer de Schwed Jakob Söderqvist am Sprint virum Tim Teutenberg an dem Matteo Milan duerchgesat. Zesumme mam Peloton sinn och all d'Lëtzebuerger Coureuren ukomm.

D'Schlussvictoire am Generalklassement geet un de Pim Ronhaar, dee seng komfortabel Féierung un der Spëtzt och um leschten Dag verdeedege konnt. Den Hollänner steet um Enn vun der Flèche du Sud mat engem Ecart vun 1:01 Minutt op der 1. Plaz virum Lukas Rüegg aus der Schwäiz. Drëtte gëtt de Liam O'Brien aus Irland.

Mam Mats Wenzel (8.) an Tom Wirtgen (9.) stinn um Enn och zwee Lëtzebuerger Coureuren an den Top10.

D'Klassement vun der 5. Etapp

1 SÖDERQVIST Jakob 3:16:28
2 TEUTENBERG Tim Torn ,,
3 MILAN Matteo ,,
4 DE JONG Timo ,,
5 PLUTO Martin ,,
6 HUPPERTZ Joshua ,,
7 BOOS Benjamin ,,
8 MARCEROU Nicola ,,
9 VAN DEN BOER Seppe ,,
10 DISSEL Bram ,,
...
19 WIRTGEN Tom ,,
24 KOCKELMANN Mathieu ,,
33 BETTENDORFF Loïc ,,
34 BERNS Mats ,,
41 WALLENBORN Arno ,,
42 WENZEL Mats ,,
55 DIEDERICH Tim ,,
63 PEREIRA MARQUES R. ,,
70 URY Noé ,,
73 MEYERS Charel ,,
79 CENTRONE Ivan ,,
84 SCHMIT Philippe ,,
86 CONTER Ken ,,

D'Schlussklassement

1 RONHAAR Pim 12:20:28
2 RÜEGG Lukas 0:01:01
3 O'BRIEN Liam 0:01:24
4 RAPP Jonas 0:01:37
5 PRIMOZIC Jaka 0:01:44
6 PETER Jannis 0:01:49
7 VOOGT Niek 0:01:54
8 WENZEL Mats 0:01:56
9 WIRTGEN Tom 0:01:57
10 STÜSSI Colin Chris 0:01:59
...
24 WALLENBORN Arno 0:03:11
25 CENTRONE Ivan 0:03:12
27 BETTENDORFF Loïc 0:03:19
32 BERNS Mats 0:03:43
35 URY Noé 0:03:52
46 PEREIRA MARQUES R. 0:05:27
47 KOCKELMANN Mathieu 0:05:31
63 DIEDERICH Tim 0:14:01
81 CONTER Ken 0:17:58
88 MEYERS Charel 0:18:46
95 SCHMIT Philippe 0:23:24