"Si frou, iwwer 3 Woche konstant Leeschtungen ze bréngen"

De Michel Ries ass den eenzege Lëtzebuerger Coureur am Giro d'Italia. Aktuell läit hien am General op der 26. Plaz.
Mat engem Retard vu ronn enger Stonn op den Tadej Pogacar ass de Coureur vun Arkéa – B&B Hotels zefridde mat senger Leeschtung a probéiert op de leschten Deeg nach eemol mat an d'Echapée ze sprangen. Fir seng franséisch Ekipp war et bis elo eng duerchwuesse Course. Ouni grouss Leader ass ee mat net alt ze vill Ambitiounen an de Giro gaangen. Arkéa huet an de leschten Deeg dräi Coureure verluer, am Moment ass een nach zu Fënneft an der Course.
Den Tadej Pogacar huet am Verlaf vun dësem Giro scho fënnef Etappe gewonnen. De grousse Favorit fiert eng dominant Course. De Peloton respektéiert de Sloween, vu Jalousie ass net vill ze mierken. Et ass ee sech bewosst, datt een et mat engem Top Talent ze dinn huet. Den 2. am Generalklassement, de Kolumbianer Daniel Felipe Martinez, huet schonn e Retard vu 7 Minutten an 42 Sekonne. Am Ganzen sinn nach 145 Coureuren an der Course.