E Sonndeg ass op der leschter Etapp vun der Tour de Suisse, engem Eenzelzäitfueren iwwer 15 Kilometer, d'Decisioun ëm d'Schlussvictoire gefall.

Den Adam Yates huet déi 87. Editioun vun der Tour de Suisse gewonnen. Den 31 Joer ale Britt huet um leschten Dag beim Biergzäitfuere seng Féierung am General verdeedegt a sech um Enn mat enger Avance vun 22 Sekonne virum Joao Almeida behaapt.

De Portugis ass op der leschter Etapp déi séiersten Zäit géint d'Auer gefuer a konnt sech mat enger Avance vun 9 Sekonnen op den Adam Yates d'Etappevictoire sécheren. Op déi drëtt Plaz ass den Dän Mattias Skjelmose gefuer. Hien hat e Retard vun 21 Sekonnen. Fir hien ass et och déi drëtt Plaz am General.

De Luc Wirtgen ass um leschten Dag den 114. op ronn 6 Minutte ginn. Am General kënnt hie mat engem Retard vu ronn enger Stonn op déi 99. Plaz.

D'Klassement vun der Etapp

1 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:33:23
2 YATES Adam UAE Team Emirates 0:09
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:21
4 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech 0:38
5 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 0:51
6 MARTINEZ Lenny Groupama - FDJ 0:56
7 SÁNCHEZ Pelayo Movistar Team 1:22
8 DE LA CRUZ David Q36.5 Pro Cycling Team 1:26
9 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 1:30
10 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 1:41
...
114 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 6:06

D'Schlussklassement

1 YATES Adam UAE Team Emirates 20:18:49
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:22
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 3:02
4 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 3:12
5 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech 3:31
6 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers 4:36
7 MAS Enric Movistar Team 5:01
8 ONLEY Oscar Team dsm-firmenich PostNL 5:40
9 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 6:31
10 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 6:35
...
99 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 1:10:02