Weider Etappevictoire fir Demi Vollering, Marie Schreiber op Plaz 38

© AFP (Archiv)
Zanter e Samschdeg gëtt an der Schwäiz d'Tour de Suisse vun den Damme gefuer.
No der éischter Etapp huet d'Demi Vollering e Sonndeg och déi zweet Etapp vun der Tour de Suisse souverän gewonnen. D'Hollännerin war am Biergzäitfueren iwwer 15 Kilometer 17 Sekonne méi séier wéi d'Italienerin Elisa Longo Borghini. Op der drëtter Plaz hat d'Neiséilänner Kim Cadzow e Réckstand vu 25 Sekonnen.
Duerch déi weider Victoire huet d'Demi Vollering hir Avance am General ausgebaut. Si läit elo eng Minutt a 26 Sekonne virum Elisa Longo Borghini an eng Minutt an 28 Sekonne virun der Italienerin Gaia Realini.
Mam Marie Schreiber ass och eng Lëtzebuergerin um Depart. D'Lëtzebuergerin, déi fir d'Ekipp vun der Leaderin Vollering fiert, war op der éischter Etapp déi 58. ginn op 10 Minutten. Am Zäitfuere war et déi 38. Plaz op ronn 5 Minutten. Am General läit si op der 51. Plaz op ronn 15 Minutten.
Den Tour de Suisse vun den Damme geet iwwer 4 Etappen.
D'Klassement vun der 2. Etapp
1 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 39.47,19
2 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek 0.17,93
3 CADZOW Kim EF Education-Cannondale 0.25,87
4 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL 0.46,85
5 NIEDERMAIER Antonia Canyon//SRAM Racing 1.01,16
6 REALINI Gaia Lidl - Trek 1.01,98
7 CHAPMAN Brodie Lidl - Trek 1.24,17
8 SPRATT Amanda Lidl - Trek 1.49,70
9 BRADBURY Neve Canyon//SRAM Racing 2.18,57
10 DE VRIES Femke Team Visma | Lease a Bike 2.35,84
...
38 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime 5.06,06
De General
1 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 2:26:47
2 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek 1:26
3 REALINI Gaia Lidl - Trek 1:28
4 CADZOW Kim EF Education-Cannondale 1:39
5 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL 2:14
6 NIEDERMAIER Antonia Canyon//SRAM Racing 2:40
7 SPRATT Amanda Lidl - Trek 3:28
8 CHAPMAN Brodie Lidl - Trek 3:41
9 BRADBURY Neve Canyon//SRAM Racing 3:45
10 CHABBEY Elise Canyon//SRAM Racing 4:13
...
51 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime 15:15