Primoz Roglic gëtt bei der Tour de France op

© AFP
Domadder huet d'Ekipp Red Bull-Bora-hansgrohe mam Bob Jungels hire Kapitän bei der Tour de France verluer.
Keng gutt Nouvellë ginn et fir d'Ekipp Red Bull-Bora-hansgrohe. De Primoz Roglic, deen zu de Favoritte gezielt huet, huet bei der Tour de France missen opginn. Wéi seng Ekipp e Freideg matgedeelt huet, ass hire Kapitän wéinst senge Blessure vun der schwéierer Chute wärend der 12. Etapp net méi un de Start vun der 13. Etapp gaangen.
Wéi et vun der Ekipp an engem Statement heescht, wier de Coureur en Donneschdeg den Owend an e Freideg de Moie vun hirem medezineschen Team grëndleche ënnersicht ginn. Doropshin hätt een d'Decisioun geholl, datt hien net méi géing starten, fir sech op déi nächst Ziler ze konzentréieren.
De Slowen war duerch d'Chute am General op déi sechst Plaz zeréckgefall, dat mat engem Retard vu véier Minutten an 42 Sekonnen. De Coureur war och schonn op der 11. Etapp gefall.