Déi 13. Etapp hat et a sech. Et ass mat "cent à l'heure" lassgaangen an et ass bis zum Schluss spannend bliwwen.

Op der 13. Etapp gouf et no 165,3 Kilometer tëscht Agen a Pau ee Succès fir de Jasper Philipsen, dee sech am Sprint konnt géint de Wout van Aert behaapten. De Bob Jungels an de Kevin Geniets sinn als 117. respektiv 118. mat engem Retard vun 13 Minutten an 29 Sekonnen ukomm.
 
Déi 13. Etapp hat et a sech. Et ass mat "cent à l'heure" lassgaangen. Direkt um Depart gouf et Attacken, fir an d'Echappée eranzekommen. Déi huet sech dann och forméiert an et waren 21 Coureuren, déi et gepackt haten. Ënnert hinnen de Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets, dee vill Relaise geholl huet.
 
De Problem vun der Echappée war awer deen, datt mat Adam Yates och ee Mann dra war, deen am General op der 8. Plaz louch. De Britt hat virun dëser Etapp e Retard vu knapp 7 Minutten op de Maillot Jaune an Equipier Tadej Pogacar. Dat huet et fir d'Echappée net méi einfach gemaach. Et waren nämlech d'Ekippe vun deene Coureuren, déi och am General gutt placéiert waren, déi den Tempo am Peloton héichgehalen hunn, fir datt den Adam Yates sech net konnt Richtung Podium verbesseren.
 
D'Avance vun der Echappée ass just bis op 1 Minutt eropgaangen. Aus der Echappée eraus gouf awer och ëmmer nees probéiert ze attackéieren. Eng 95 Kilometer virun der Arrivée hunn dunn och 4 Leit et fäerdeg bruecht, sech ze detachéieren: De Michal Kwiatkowski, de Romain Grégoire, de Julien Bernard an de Magnus Cort-Nielsen. Déi aner Leit aus der Echappée, also och de Kevin Geniets, goufen eng 70 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton gestallt. D'Echappée vu 4 Leit krut eng maximal Avance vun 1 Minutt vum Peloton zougestanen. 49 Kilometer virun der Arrivée goufe si vun engem éischte Peloton, mat all de Favoritte geschléckt. De Kevin Geniets an de Bob Jungels ware schonns duerch Bordüren an een drëtte Grupp zeréckgefall.
 
Richtung Arrivée goufen et aus dem Spëtzegrupp nach e puer Attacken. Um Enn koum et awer zum Sprint, an deem sech de Jasper Philipsen konnt behaapten. Et war säin zweete Succès an dësem Tour.
 
D'Moyenne op dëser spannender Etapp louch bei 48,7 km/h.
 
Am General behält den Tadej Pogacar 1 Minutt a 6 Sekonnen Avance op de Remco Evenepoel an 1 Minutt a 14 Sekonnen op de Jonas Vingegaard. De Bob Jungels ass de 54. op 1:17:04 an de Kevin Geniets den 69. op 1:35:29.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat

1 PHILIPSEN Jasper Alpecin - Deceuninck 3:23:09
2 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike ,,
3 ACKERMANN Pascal Israel - Premier Tech ,,
4 GIRMAY Biniam Intermarché - Wanty ,,
5 ARNDT Nikias Bahrain - Victorious ,,
6 WELLENS Tim UAE Team Emirates ,,
7 RUSSO Clément Groupama - FDJ ,,
8 COQUARD Bryan Cofidis ,,
9 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates ,,
10 WÆRENSKJOLD Søren Uno-X Mobility ,,
...
117 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 13:29
118 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,

General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 52:40:58
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 1:06
3 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 1:14
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates 4:20
5 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 4:40
6 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 5:38
7 YATES Adam UAE Team Emirates 6:59
8 CICCONE Giulio Lidl - Trek 7:36
9 GEE Derek Israel - Premier Tech 7:54
10 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 9:18
...
54 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 1:17:04
69 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:35:29