Op der 18. Etapp vum Tour de France goung et en Donneschdeg iwwer knapp 180 Kilometer vu Gap op Barcelonette.

Déi héich Bierger stoungen op der 18. Etapp net um Programm. Dofir awer net manner wéi 5 Montéeë vun der 3. Kategorie. Wéi gewinnt ass vum Depart un attackéiert ginn, fir ze probéieren, déi gutt Echappée vum Dag ze erwëschen. 
 
Et huet awer bis an déi éischte Schwieregkeet vum Dag gedauert, dem Col du Festre, bis déi sech richteg forméiert huet. 36 Mann hunn de gudde Coup erwëscht, aus deem dann och de spéidere Gewënner ervirgaangen ass. Déi zwee Lëtzebuerger Bob Jungels a Kevin Geniets waren net an der Echappée. De Peloton gouf vun den Equipiere vum Maillot Jaune Tadej Pogacar kontrolléiert. Maximal louch d‘Avance vun der Echappée bei iwwer 15 Minutten.
 
Richtung Arrivée goufen et ëmmer nees Attacken an der Echappée, déi dann och auserneegefuer ass. An der leschter Schwieregkeet vum Dag, der Côte des Demoiselles Coiffées, huet de Michal Kwiatkowski attackéiert a just de Victor Campenaerts an de Matteo Vercher konnten dem fréiere Weltmeeschter säi Rad halen. Um Enn gewënnt de Victor Campenaerts de Sprint vun dësem klenge Grupp.

De Peloton, mat de Favoritte fir de General an dem Bob Jungels (74.), hat ee Retard vun iwwer 13 Minutten. De Kevin Geniets verléiert als 141. iwwer 20 Minutten.
 
Am General bleift den Tadej Pogacar a Giel. Hien huet eng Avance vun 3 Minutten an 11 Sekonnen op de Jonas Vingegaard a 5 Minutten an 9 Sekonnen op de Remco Evenepoel. De Bob Jungels ass den 38. an de Kevin Geniets läit op der 74. Plaz.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat vun der Etapp

1 CAMPENAERTS Victor Lotto Dstny 4:10:20
2 VERCHER Mattéo TotalEnergies ,,
3 KWIATKOWSKI Michał  INEOS Grenadiers ,,
4 SKUJIŅŠ Toms  Lidl - Trek 0:22
5 LAZKANO Oier Movistar Team ,,
6 LEMMEN Bart Team Visma | Lease a Bike ,,
7 NEILANDS Krists Israel - Premier Tech ,,
8 HINDLEY Jai Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
9 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike 0:37
10 MATTHEWS Michael Team Jayco AlUla ,,

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 70:21:27
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike +3:11
3 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step +5:09
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates +12:57
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step +13:24
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers +13:30
7 YATES Adam UAE Team Emirates +15:41
8 CICCONE Giulio Lidl - Trek +17:51
9 GEE Derek Israel - Premier Tech +18:15
10 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious +18:35