D'Lorena Wiebes wënnt de Massesprint a bleift Leaderin

© AFP
E Samschdeg ass et fir d'Cyclistinnen iwwer 66 Kilometer ronderëm Zwevegem gaangen.
Et sollten eigentlech 94 Kilometer gefuer ginn, ma wéinst enger gréisserer Chute no 10 Kilometer war d'Course ronn 50 Minutten ënnerbrach a gouf dowéinst gekierzt.
Um Enn huet d'Hollännerin Lorena Wiebes sech am Massesprint virun hirer Landsfra Charlotte Kool an der Polin Daria Pikulik duerchgesat.
Déi zwou Lëtzebuergerinne Christine Majerus a Marie Schreiber sinn zäitgläich mat der Gewënnerin ukomm, dat op de Plazen 37 respektiv 44.
D'Lorena Wiebes bleift mat dëser zweeter Etappevictoire och weiderhi Leaderin am General. Si huet elo ee Virsprong vu 6 Sekonnen op d'Charlotte Kool. Op Plaz 3 läit d'Brittin Pfeiffer Georgi mat engem Réckstand vun 23 Sekonnen. D'Marie Schreiber klëmmt eng Plaz an d'Luucht an ass elo 10. op 28 Sekonnen. D'Christine Majerus spréngt iwwerdeems och op Plaz 18, dat mat engem Retard vun 32 Sekonnen.
D'Resultat vun der Etapp
1 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 1:28:52
2 KOOL Charlotte Team dsm-firmenich PostNL ,,
3 PIKULIK Daria Human Powered Health ,,
4 FIORIN Sara UAE Development Team ,,
5 BURLOVÁ Kristýna Lifeplus Wahoo ,,
6 ROLDAN Mara Cynisca Cycling ,,
7 MOORS Fleur Lidl - Trek ,,
8 HENTTALA Lotta EF Education-Cannondale ,,
9 MANGAN Fiona Cynisca Cycling ,,
10 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies ,,
...
37 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
44 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime ,,
De General
1 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 7:18:01
2 KOOL Charlotte Team dsm-firmenich PostNL 0:06
3 GEORGI Pfeiffer Team dsm-firmenich PostN 0:21
4 PIKULIK Daria Human Powered Health 0:23
5 BARBIERI Rachele Team dsm-firmenich PostNL 0:24
6 JACKSON Alison EF Education-Cannondale 0:26
7 JOORIS Febe AG Insurance - Soudal NXTG 0:27
8 BOOGAARD Maaike AG Insurance - Soudal NXTG 0:28
9 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies ,,
10 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime ,,
...
18 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 0:32