Remco Evenepoel gewënnt säin 2. Gold zu Paräis

© AFP
No Gold am Zäitfueren en Dënschdeg kroopt sech de Belsch och d'Goldmedail op der Strooss. Frankräich ass mat Madouas a Laporte zwee Mol um Podium.
De Remco Evenepoel hat 37 Kilometer virun der Arrivée an der Montée op de Montmartre attackéiert a sech uschléissend un d'Spëtzt vun der Course gesat. Hie war iwwer laang Zäit mam Valentin Madouas ënnerwee, ass déi lescht 15 Kilometer awer eleng ënnerwee gewiescht. Mam Valentin Madouas a mam Christophe Laporte stinn zwee Fransousen um Podium.
Mat 273 Kilometer war et déi längst Vëloscourse an der Geschicht vun den olympesche Spiller. Nom Startschoss um Trocadéro virum Eiffeltuerm hu sech kuerz nom neutraliséierten Depart fënnef Coureuren aus dem Stëbs gemaach a konnte sech wärend der Course eng tëschenzäitlech Avance vun iwwer 15 Minutten erausfueren. De Lëtzebuerger Alex Kirsch blouf am Peloton, deen den Tempo laang net ugezunn huet.
An der Mëtt vun der Course war den 32 Joer ale Lëtzebuerger gefall an hat den Uschloss un de Peloton verpasst. Et huet eng Dose Kilometer gebraucht, bis de Kirsch nees am Haaptfeld war. Zu dësem Zäitpunkt hat de Peloton acceleréiert, fir d'Echappée anzefänken.
Nodeems véier kuerz a géi Montéeën iwwerwonne waren, war de Virsprong vun der Echappée schonn op eng knapp Minutt geschmolt, an nom Passage vun den zwou leschte Montéeën hat d'Course mam Ir Ben Healy an dem Kasach Lutsenko zwee nei Leaderen.
Wéi d'Course zeréck an den Zentrum vu Paräis an de Montmartre eropgefuer ass, gouf d'Course nach eng Kéier op d'Kopp gehäit. De Remco Evenepoel huet 37 Kilometer virun der Arrivée aus dem Peloton eraus attackéiert a konnt séier bei d'Grupp ëm de Ben Healy bäifueren. Kuerz drop huet hie mam Fransous Valentin Madouas d'Féierung iwwerholl.
15 Kilometer virun der Arrivée huet de Belsch de Madouas stoe gelooss a konnt sech fréi iwwer seng zweet Goldmedail bei dëse Spiller freeën. Véier Kilometer virun der Arrivée gouf et Schreckmoment fir den Evenepoel, wéi hien en techneschen Defekt hat an de Vëlo huet musse wiesselen. De Madouas war awer ze wäit ewech, fir nach eng Kéier dovun ze profitéieren.
Insgesamt ass et dem Evenepoel seng drëtt Goldmedail bei Olympesche Spiller. De Belsch konnt sech 2021 schonn am Zäitfueren an de Palmarès androen. Den Alex Kirsch koum no senger Chute mat engem Retard vun 7 Minutten an 23 Sekonnen als 40. an d'Zil.
De Richard Carapaz, den Olympiagewënner vun Tokio 2021, gouf vum ecuadorianesche Verband net fir d'Spiller zu Paräis nominéiert.